Aktuellen Terminal gëtt ausgebaut, Iddi vum neie Fluchhafen ass nach net konkret
Bannent 10 Joer huet sech d‘Zuel vun de Passagéier um Findel verduebelt. D‘Infrastrukture packen dat Ganzt net méi, dofir gëtt renovéiert, ëm- a bäigebaut.
An der Summervakanz ass um Fluchhafen ëmmer eng méi lass. Wann d'Passagéierzuele weider klammen, riskéieren d'Kapazitéite vum LuxAirport an noer Zukunft awer op hir Grenzen ze kommen. Dobäi kënnt, dass et wéinst Schied op der Pist ëmmer nees zu Verspéidungen an Annulatioune komm ass. D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes hat scho Renovatiounen ugekënnegt. Mee wat ass alles geplangt?
An de leschten zéng Joer huet sech d’Passagéierzuel pro Joer verduebelt. Leschte Statistiken no op iwwer 5 Millioune Passagéier. Dobäi ass de Mount August ëmmer deen, mat de meeschte Leit um Fluchhafen.
Eng Milliard fir de Fluchhafe bis 2032
Der Mobilitéitsministesch no géing et elo dorëms goen, Investissementer ze maachen, fir deen aktuelle Fluchhafe fir déi nächst 20 bis 30 Joer performant ze maachen. Bis 2032 wäerten 800 Millioune vu LuxAiport investéiert ginn, de Staat wäert an deem Zäitraum 200 Milliounen investéieren.
Wat d'Leit, déi verreesen, am meeschten dierft interesséieren: den Terminal gëtt ausgebaut. Wann ee virum Fluchhafe steet, ass lénks eng Extensioun geplangt. Méi Plaz, méi Confort, mee och méi Sécherheet, dat soll den Ausbau bréngen. Da kënnen och 3D-Scanner opgestallt ginn, déi op EU-Niveau fir d'Sécherheet virgesi sinn. Bis ewell ass dofir nämlech net genuch Plaz. Verschidden Aktivitéite sollen dann och aus dem Terminal an de Skypark kommen. Duerch d’Plaz, déi doduerch gewonne gëtt, solle méi Gates an och méi Flich kënnen ugebuede ginn. Wéi vill genau ass nach net gewosst, un de Pläng gëtt nach geschafft.
Eng zweet Landebunn ass aktuell net méiglech
Et bleift allerdéngs bei just enger Landebunn. Wier et dann net méiglech gewiescht, eng zweet Pist do ze bauen, wou elo deen neie Skypark steet? Dozou seet d'Yuriko Backes, Mobilitéitsministesch, ganz däitlech, dass dat keng Optioun gewiescht wier. Et wéilt een nämlech eng sougenannten “Contingency Pist”. Esou eng Landebunn ass méi laang a brauch deemno ebe vill Plaz.
Den Ament wéilt ee sech mol dorop konzentréieren, dass déi aktuell Pist an der Réi ass. Nodeems d’Landebunn 2021/22 komplett sanéiert gouf, ass et nämlech ëmmer nees zu Problemer komm. Bis ewell goufen d’Ausbesserungen an der Nuecht gemaach, fir de Fluchverkéier net ze impaktéieren. Mee am Fong misste gréisser Aarbechte gemaach ginn. D'Ministesch mengt awer net, dass dofir de Fluchhafe misst zougemaach ginn. "Dat kënne mir eis net erlaben." Et géing fir d'éischt op de Rapport gewaart ginn, fir ze kucken, wien iwwerhaapt responsabel ass, ier dann d'Reparaturaarbechte geplangt ginn.
Nach keen neie Fluchhafe geplangt
Zu der Fro no engem méiglechen zweete Fluchhafe fir Lëtzebuerg kéint si näischt Konkretes soen, esou d’Ministesch. Bis 2050 ass virgesinn, dass sech d’Passagéierzuelen nach emol verduebelen.
D’Contributioun vum Fluchhafen fir de PIB ass iwwer 9 Milliarden, esou d’Yuriko Backes am RTL-Interview. “Mir schwätze vun 90.000 Aarbechtsplaze fir Lëtzebuerg an och fir d’Groussregioun. Dat ass schonn enorm an dat wäert sech weider entwéckelen.”