De Grand-Duc Henri salutéiert eng leschte Kéier um Härebierg

© Image Lëtzebuerger Arméi via Facebook
25 Joer steet de Grand-Duc Henri elo schonn als Kommandant un der Spëtzt vun der Arméi.
Den 3. Oktober cedéiert hien den Troun allerdéngs un den Ierfgroussherzog Guillaume. De Weekend vum Trounwiessel wäert et dann och eng ganz Rei Feierlechkeeten uechter d'Land.
Ma dëse Wiessel muss natierlech och bei der Arméi feierlech markéiert ginn. De Grand-Duc Henri war dowéinst um Härebierg fir eng Visite d'adieu, wou hien eng leschte Kéier an deem Kader d'Truppen inspizéiert a salutéiert huet. Un der Zeremonie huet nieft der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes och de Chef d’Etat-major vun der Arméi, de Steve Thull, deelgeholl.
Vun dësem krut de Grand-Duc dann och ee ganz besonnesche Kaddo als Merci: E Säbel mat enger Gravur, déi dem Monarch "säin Engagement fir d’Arméi iwwert 25 Joer ervirsträicht", wéi et an engem Bäitrag an de Soziale Medie vun der Arméi heescht. Nieft engem gekréinten "H" fir "Henri" um Säbel ass op der Scheek ze liesen: "25 Joer Kommandant un der lëtzebuergescher Arméi. Merci fir Ärt Engagement."
Am Post war et dann och e Merci un de Grand-Duc, "fir déi exemplaresch Ënnerstëtzung déi hien, souwuel als Prënz wéi och dono als Grand-Duc, der Arméi iwwer all déi Jore gebueden huet."