Net nëmmen an de Schoule ginn déi lescht Preparatioune gemaach, och bei de Kanner a Jonke ginn dëser Deeg déi lescht Schoulsaachen a Bicher akaaft.

Een neit Schouljoer heescht och: Neit Schoulmaterial a Bicher. D’Schoulbicher gi jo zanter 2018 vum Ministère rembourséiert. Wéi mir vum Educatiounsministère gewuer gi sinn, ass fir dat nächst Schouljoer ee Budget fir de Remboursement vun de Schoulbicher am Secondaire vun 11,1 Milliounen Euro virgesinn. Erofgerechent spuert ee Schoulkand aus dem Lycée esou an der Moyenne eng 241 Euro d’Joer.
 
Och wann d’Schoulbicher gratis sinn, musse se awer vun de Schüler selwer bestallt an an de Librairien ofgeholl ginn. Fir ee Bicherbuttek ass d’Rentrée dofir eng méi stresseg Zäit, op déi sech extra muss virbereet ginn:
 
Paul Ernster, Gérant vun engem Bicherbuttek: "
Ech mengen, et ass ëmmer eng usprochsvoll Zäit. Mir hunn natierlech Studenten, mir hunn eis Ekipp. Lues a lues komme mer an eng Routine. Mir wëssen och elo schonn, wéi mam Ministère d'Zesummenaarbecht geet. Mee et sinn natierlech ëmmer erëm Bicher, déi méi spéit kommen oder Bicher, déi zur Zäit sinn oder Leit, déi nu emol de 15. réischt hir Bicher bestelle kommen."

Déi Zesummenaarbecht mam Ministère, déi ass am Fong elo am 8. Joer. Dat heescht am Fong si ginn eis d'Lëschten, Ufank vun der Period. Mir kënnen da bestellen. Mir kënnen dem Schüler am Fong d'Bicher fir näischt matginn. A mir facturéiere se un de Ministère, e bëssen en Tiers payant. An ech muss soen déi Zesummenaarbecht fonctionéiert ganz gutt.
 
Fir neit Schoulmaterial muss och emol méi déif an de Portmonni gegraff ginn, dowéinst ginn et zum Beispill beim Kannergeld zousätzlech Primmen, vun 115 respektiv 235 Euro. Déi ginn automatesch ausbezuelt.
 
D’nächst Woch ass d’Vakanz also eriwwer. Ma wéi hu sech déi jonk Schülerinnen a Schüler op d’Rentrée preparéiert? A freeë se sech, fir nees an d’Schoul ze goen?

Nieft neie Rucksäck, Stëfter, Hefter a Bicker waren déi puer Schüler, mat deene mir am Bicherbuttek geschwat hunn, gréisstendeels frou, fir nees an d’Schoul ze goen. Virun allem d’Frënn hätt ee vermësst. D’Schüler si preparéiert. Dat neit Schouljoer kann also kommen.