Reseau gouf bei Creos-Aarbechte beschiedegt, e Freideg soll alles nees goen

RTL-User haten eis Problemer mat der Eltrona haaptsächlech am Oste vum Land eragemellt, dat vum fréie Nomëtteg un. Kuerz no 22 Auer koum d'Confirmatioun.
Nieft dem Raum Gréiwemaacher, Waasserbëlleg a Wuermer krute mer nom publizéiere vun eisem Artikel och matgedeelt, datt d'Eltrona ënner anerem am Raum Iechternach, Éiter, Wecker, Lenneng an och Konsdref net bei jidderengem géif funktionéieren. Deelweis géif d'Pann op 15 a 16 Auer zeréckgoen, bei anere wier se eréischt méi spéit agetrueden.
Kuerz no 22 Auer huet Eltrona op hirer Facebooksäit matgedeelt, datt et bei Aarbechte vun der Creos am Süde vum Land zu engem Tëschefall koum, bei deem de Reseau vun der Eltrona beschiedegt gouf. Dëst huet dozou gefouert, datt d'Servicer Tëlee an Internet a verschiddenen Deeler am Land, wéi eis User mellen haaptsächlech am Osten, net méi accessibel waren.
Déi technesch Ekippe vu Creos an der Eltrona wieren am Asaz, fir de Problem ze léisen. Et sollt, esou de Post, e Freideg nees alles wéi gewinnt funktionéieren.