Wahrscheinlech duerch eng defekt Heizdecken huet um fréie Mëttwochmoie géint 4.30 Auer zu Péiteng eng Matrass ugefaange mat brennen.

En Awunner hat séier reagéiert an d'Matrass vum 1. Stack erof duerch d'Trapenhaus op den Trottoir gezunn. Doduerch konnt Schlëmmeres verhënnert ginn.

D'Pompjeeën hunn d'Feier do geläscht an d'Haus gutt gelëft.

RTL

© Service d'Incendie et de Sauvetage de la Commune de Pétange

D'Pompjeeë ware mat 6 Mann am Asaz.