De Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie goufen offiziell vum belsche Kinnek an der Kinnigin empfaangen.

De Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie goufen dëse Freideg zu Bréissel vun der belscher Kinnekskoppel am Palais Royal empfaangen.

D'Lienen tëscht den zwee Herrscher-Haiser sinn enk: De Kinnek Philippe ass jo e rechte Koseng vum Grand-Duc Guillaume sengem Papp, dem Grand-Duc Henri. An och d’Grande-Duchesse Stéphanie ass jo eng gebierteg Belsch Comtesse.

RTL

© SIP / Frédéric Sierakowski

Um Programm virgesi war eng Revue vun den Truppen, ier et fir eng offiziell Foto an d’Virstellung vun den Delegatiounen an de Palais era goung. Déi Lëtzebuerger Delegatioun gëtt jo ugefouert vum Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel, dee bei dëse Visites de Courtoisie dobäi ass.

RTL

© SIP / Frédéric Sierakowski

Duerno war ee privat Mëttegiessen tëscht den zwou Koppele geplangt, ier et weider op eng Visitt vum belsche Senat geet. Hei gi si vum President Vincent Blondel empfaangen.

Virum Palais zu Bréissel waren natierlech eng ganz Partie Frënn vun den europäeschen Kinnekshaiser - sou wéi de Belsch Valentin Dupont, dee sech extra fir d'Visitt fräi geholl hat.

De Valentin Dupont um RTL-Mikro