CGDIS mellt aacht Blesséierter bei véier Accidenter
Am Laf vun e Freidegnomëtten haten d'Rettungsekippe vum CGDIS nawell all Hänn voll ze dinn.
Kuerz no der Mëttesstonn koum et an der Avenue de la Gare zu Dikrech zu engem Accident mat zwee Gefierer, bei deenen zwou Persoune blesséiert goufen. Op der Plaz waren d'Secouristen aus der Nordstad.
Um 14.18 Auer dann en Accident mat dräi Gefierer op der A7 tëschent der Opfaart Waldhaff an der Jonctioun Gréngewald, dee zäitweis fir massive Stau gesuergt hat. Hei sinn dräi Persoune verwonnt ginn, ëm déi sech d'Rettungsekippe vu Mamer, der Stad, Jonglënster an Nidderaanwen gekëmmert hunn.
E weideren Accident mat zwee Gefierer an engem Blesséierte gouf et dann um 14.36 Auer op der RN14 tëschent Biwer a Wecker. Am Asaz waren Ambulanze vu Jonglënster a Manternach.
Eng weider Kéier gefuerdert, waren d'CGDIS-Ekippe vu Jonglënster dann zesumme mat deenen aus der Nordstad a Miersch op der RN08 tëschent Recken a Bruch, wou et e weideren Accident mat zwee Gefierer gouf. Dat um 16.27 Auer. Hei goufen et zwee Blesséierter.