Déi oppe Schwämm Kaul zu Wolz ass an d'Jore komm a sollt duerch eng nei Schwämm ersat ginn. Do ass ee sech am Wëlzer Gemengerot eens.

Wéi genee deen Neibau soll ausgesinn, do ginn d'Meenungen awer auserneen. E Freideg de Moie stoung de Sujet um Ordre du jour vum Wëlzer Conseil an do hu sech Deeler vun der Majoritéit op d'Säit vun der Oppositioun geschloen.

Conseil Wolz / Reportage Marc Hoscheid

D'LSAP-Fraktioun hat am Virfeld vun der Gemengerotssëtzung eng Motioun eragereecht, déi nieft dem onofhängege Conseiller Patrick Comes och nach déi zwee DP-Conseillere Maurice Muller an Tina Weber ënnerschriwwen haten. Doriwwer war dës Woch schonn an engem Artikel am Tageblatt riets gaangen. An deem Artikel hat d'CSV-Buergermeeschtesch Carole Weigel gemengt, datt esou Manöveren net gutt fir d'Koalitioun wieren. Dat kann de Maurice Muller awer net novollzéien. 
 
"Dat huet jo lo Schlagzeile gemaach, ech verstinn net ganz firwat. Et ass eigentlech eng positiv Saach, eng Motioun erareechen, ass een demokratesche Prozess, deen et an all Gemeng gëtt. Ech wollt dowéinst just wëssen, ob et Punkte gëtt, mat deenen dir net d'accord sidd a wéinst deenen een net unanime kéint ofstëmmen? Vläicht kéint een déi Punkte jo dann nach entspriechend veränneren, wat mir hei ofstëmmen, ass jo kee fäerdege Projet."
 
Mat Bléck op d'Haaptfuerderung vun der Motioun, datt d'Schwämm op där selwechter Plaz bleiwe soll, huet ee sech am Schäfferot och oppe gewisen. D'CSV-Schäffin Chantal Kauffmann huet sech awer dorunner gestouss, datt an der Motioun gefuerdert gouf, den Terrain direkt vun enger Zone verte an eng Zone sports et loisirs ëmzeklasséieren.
 
"Dofir géif ech proposéieren, déi Modification ponctuelle vum PAG aus der Motioun eraus, well mir dat mat un de Büro ginn hunn. Et ass jo lo egal, ob deen an dräi Méint ëmklasséiert gëtt oder an engem Joer oder an zwee Joer. Dat Wichtegt ass, datt mer ukomme mam Baue vun der Schwämm."
 
D'Chantal Kauffmann huet dann och kritiséiert, datt de Gemengerot e bëssi ze vill sollt agebonne ginn.
 
"Datt jiddereen iwwert all Schrauf an all Steckdous informéiert gëtt, dat gëtt et néierens."
 
Bei der LSAP war een awer wéineg kompromëssbereet, wéi de Conseiller Daniel Strecker ënnerstrach huet.
 
"Dir hutt lo grad gesot, fir d'Reklassement vun der Parzell erauszehuelen, mee parallel huet der dat jo schonn en place gesat. Ma dann ass et jo awer vu Virdeel, wann der dat draloosst. Fir eis gëtt et näischt ze diskutéieren, déi Motioun gëtt telquel sou ugeholl oder net an da fuere mer virun. Well déi Motioun erméiglecht jo, d'Grondausriichtung, et geet lo net drëm, wou wéi eng Schrauf hi kënnt oder ob den Daach gréng oder rout oder blo ass, dat ass egal, mee et geet ëm d'Grondausriichtung vum Site Kaul, a basta!"

Um Enn gouf dann och iwwer déi initial Motioun ofgestëmmt a se gouf mat 12 Jo-Stëmmen an enger Enthalung vum CSV-Conseiller Albert Waaijenberg ugeholl. Beim Vott hunn déi véier CSV-Memberen an den DP-Schäffen Amel Cosic allerdéngs liicht gezeckt, bis se gesinn hunn, datt se an der Minoritéit waren. Den Amel Cosic war iwwregens wuel net am Virfeld vu senge Parteikolleege Muller a Weber doriwwer informéiert ginn, datt si d'Motioun ënnerschriwwen haten. Hie wäert sech Enn dës Joers aus dem Schäfferot zeréckzéien. Allerdéngs aus private Grënn an net wéinst interne Problemer, esou den Amel Cosic. Wie fir hien an de Schäfferot noréckelt, ass nach net gewosst.
 
A mat Bléck op d'Schwämm an der Kaul war et dann nach d'Annonce, datt déi dat nächst Joer net méi opmaache wäert, mee esoulaang zou bleift, bis déi nei Schwämm, déi  iwwerdaacht soll sinn, hir Dieren an e puer Joer opmécht.