"D'Hallschent fir dech, d'Hallschent fir mech"
© Claudia Kollwelter (Archiv)
Um Stater Geriicht ass e Freideg de Prozess wéinst engem Mord a Portugal 2021 weider gaangen.
D’Mamm vun der Haaptugeklote gouf viru befrot. Och si huet sech permanent a Widderspréch verstréckt. All d’Nimm an dësem Reportage vum Michèle Sinner si geännert.
Huet een der Mariana nogelauschtert, hat een den Androck, si wier an an enger paisibler generatiounsiwwergräifender Familljevakanz gewiescht, wou et virun allem vill gutt z’iesse gouf. Net op engem Horrortrip, wou all gudden Dag eng nei Mordtentative gestart gouf. Den éischten Dag, wou si ukomm sinn, hat d’Cousine schonn Zopp gekacht, esou der Haaptugekloten hir Mamm. Dono huet si de Boiler ugedréit fir duschen ze goen.
Den zweeten Dag huet si e bëssen am Haus gekoschtert, geraumt, gebotzt, an d’Cousine ass bei si iesse komm. Den drëtten Dag war si um Maart, hu frësche Fësch kaaft fir d’Grillade, Kleeder fir hir Enkelin, e Poulet rôti an Zalote fir Owesiessen. Hire Partner Antonio an hiren Enkel Paulo hunn d’Piscine fir dem Paulo seng kleng Schwëster Cristina opgeriicht, ma well d’Waasser den éischten Dag nach ze kal war, huet d’Meedche vu sechs Joer gekrasch. Du si si rëm bei d’Cousine iesse gaangen. Den drëtten Dag huet si am Gaart geschafft, déi al Äscht vum Orangëbam ofgeschnidden. Verbrenne konnten se déi awer eréischt Nuets, huet d’Mariana preziséiert, fir datt d’Police et net géif matkréien. Dat ass nämlech verbueden.
De véierten Dag owes war si mam Pedro op der Terrass. Den Antonio an d’Ana waren an der Kichen an hu Shotte preparéiert. Den Antonio huet d’Glieser verdeelt. Ma d’Mariana sot: "Ech drénke keen Alkohol. De Pedro huet du mäi Glas matgedronk."
Dono ass si an d’Bidde gaangen, huet hir Schlofpëll geholl an ass an d’Bett gaangen. Nuets ass si waakreg ginn, den Antonio war net am Bett. Si ass erof an d’Kiche gaangen, huet gesinn, datt dem Ana säin Auto fort war. "Ech hu geduecht, et wier dem Antonio schlecht ginn an d’Ana ass mat em fort gefuer."
Ma moies ass den Antonio nees do. D’Mariana freet net no, wou déi Zwee waren. “Ech hunn hinne vertraut”. D'Vakanzenidylle ass réischt eriwwer, wéi si freet, wou de Pedro ass. Dunn äntwert hir den Antonio: “Ferme ta bouche, parce que Pedro est déjà loin. Si tu ouvres ta bouche, tu ne vas plus voir Cristina."
Wat d’Mariana an hirem Recit ausléist a réischt op Nofro erzielt ass, datt si selwer mat war d’Gëft géint de Kartoffelkäfer kafen. An datt si gesinn hat, wéi d’Ana den Dag virdrun ouni Succès versicht hat, dem Pedro Rategëft an d’Gedrénks ze mëschen. Datt d’Ana de Pedro mam Gëft géint de Kartoffelkäfer kéint vergëften, dat hätt si trotzdeem net soupçonéiert. "Wann ech dat gewosst hätt, hätt ech dem Ana d’Tut mam Gëft net ginn", huet d’Mariana verséchert. D’Ana hat jo gesot, et wier dem Pedro seng Schwëster, dat d’Gëft bräicht. Och datt d’Ana schonn am Virfeld zu Lëtzebuerg dës Ëftere gesot hätt, et géif de Pedro ëmbréngen, hätt si net eescht geholl.
An hiren éischten Auditioune bei der Police an dem Untersuchungsriichter hat d’Mariana gesot, si wier mam Ana bei de Rio Mondego gefuer, wou de Pedro an d’Waasser gestouss gouf. Datt si sech dee Moment selwer belaascht huet, huet d’Mariana domat erkläert, datt den Antonio si ënner Drock gesat a bedreet hätt.
An de Méint virun der Arrestatioun huet d’Police awer Appellen tëscht der Ana an der Mariana matkritt, wou déi zwou Fraen driwwer geschwat hunn, datt se sech d’Sue vum Pedro senger Liewensversécherung géifen deelen. "D'Hallschent fir dech, d’Hallschent fir mech", huet d’Ana hirer Mamm gesot. Si huet sech beschwéiert, datt d’Geld géing knapp ginn. D’Mariana huet em geäntwert. "Quand tu as fait, ce que tu as fait, c’était clair, je t’ai avertie." D’Mariana hat d’Ana also gewarnt, obschonns si vun näischt wosst a kee Verdacht hat.
De Prozess geet d’nächst Woch weider. Da mussen nach déi zwee Männer gehéiert ginn.