De Litige ëm d'Schied, déi no Renovatiounsaarbechten un de Start- a Landebunnen um Findel festgestallt goufen, geet an déi nächst Ronn.

Bis ewell sinn all Labostester an extern technesch Analysen ofgeschloss, déi lux-Airport duerchféiere gelooss hat, fir juristesch géint déi implizéiert Firmen an Ingenieursbüroe virzegoen.
 
De Chantier um Tarmac geet op d'Joren 2021 an '22 zeréck, mee no dësen Aarbechte goufe Rëss am Bëtong festgestallt an d'Ofwaasser gouf net gutt genuch vun de Pisten erof evakuéiert.

Iwwer d'Resultater vun den Analyse wëll lux-Airport iwwerdeem net kommunizéieren, well déi milliouneschwéier Affär ëm Schuedenersatz viru Geriicht tranchéiert gëtt. Operationell Limitatioune sollen et duerch d'Schied un de Start- a Landebunnen awer net erginn, heescht et vum Gérant lux-Airport.

Dës Äntwerte gëtt d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen.