Am Rollengergronn koum et e Freideg den Owend zu engem Iwwerfall op eng Tankstell.

Wéi et vun der Police heescht, sinn déi zwee Täter op der Flucht. Direkt e puer Unitéite si bei der Sich no hinne bedeelegt.

Ganz wichteg, et soll een de Moment do kee mam Auto mathuelen. All verdächteg Persoun am besoten Ëmkrees soll een direkt der Police um 113 mellen.

D'Police Technique an och eng Patrull mat Sichhond gouf op d'Plaz geschéckt.

RTL

© Christophe Hochard / RTL