Et ass e Fall, dee ganz Frankräich schockéiert hat. Eng Fra hat e Kand gefoltert, sexuell mësshandelt an ëmbruecht.

E Freideg gouf d'Dahbia Benkired zu Paräis wéinst dem Mord um 12 Joer ale Lola Daviet zu liewenslaangem Prisong ouni Sursis verurteelt. Si gouf donieft als psychesch labil agestuuft, hätt allerdéngs psychopathesch" Tendenzen. Déi 27 Joer al Verurteelt hat zwee Deeg virdru gestanen, d'Meedche gefoltert, sexuell mësshandelt an ëmbruecht ze hunn.

Kuerz virum Urteelssproch hat de Riichter der Ugekloten eng lescht Geleeënheet ginn,  sech z'äusseren. D'Dahbia Benkired huet sech entschëllegt: "Wat ech gemaach hunn, war schrecklech. Dat ass alles, wat ech ze soen hunn."

De Fall hat ganz Frankräich schockéiert

D'Awunner vum Wunnhaus, an deem d'Ugeklote gewunnt huet, haten de 14. Oktober 2022 am Nomëtteg gesinn, wéi d'Benkired e puer Wallissen an eng schwéier Plastikstut an d'Entrée geschleeft huet. Gutt annerhallef Stonn virdru war si op Biller vun Iwwerwaachungskameraen ze gesinn, wéi se d'Lola ugeschwat huet. Dem Meedche seng Elteren hunn am Gebai als Hausmeeschtere geschafft. Een Dag no der Dot gouf d'Benkired festgeholl.

RTL

© AFP

Viru Geriicht huet d'Fra mat algeereschen Originnen erkläert, si hätt hir Roserei op hiren Ex-Partner un enger Persoun wéilten erausloossen. Si wier selwer Affer vu Gewalt gewiescht. Si wier dem Lola begéint.

"Ech hunn hatt net erausgesicht. Hatt war déi éischt Persoun, där ech begéint sinn. Hatt war méi schwaach wéi ech", sou d'Ugeklote viru Geriicht.

Experten hunn ausgesot, dass d'Benkired keng psychesch Erkrankung hätt. Si ass an Algerien bei Familljemembere grouss ginn a legal a Frankräich komm. Nodeems hire Visum ofgelaf war, krut si eng Opfuerderung, d'Land ze verloossen. Zulescht hat si weder e feste Wunnsëtz nach eng Aarbecht an huet reegelméisseg Haschisch konsuméiert.