Egal ob national oder international, Betriber däerfen net einfach esou Offall transportéieren.

Dowéinst maachen d’Douane an d’Ëmweltverwaltung zwee bis dräi Mol de Mount Kontrolle vu Camionen a Camionnetten. Gekuckt ginn d'Dokumenter, d’Charge, déi gelueden ass an d'Identitéit vum Chauffer. D'Monica Camposeo war bei sou enger Kontroll dobäi.

Sechs Patrulle sinn am Asaz. Mir stinn op der Diddelenger Autobunn op der Sortie vun enger Tankstell a waarden op deen nächste Camion. De Bruno Sales ass Agent vun der Kontrollunitéit vun der Douane zu Dikrech. Hien a seng Aarbechtskolleegen erkennen d’Camionen, déi Offall kéinte gelueden hunn. "Hei A-Plack, deen huele mir." Fir geziilt Gefierer ze kontrolléieren, déi Offall transportéieren, kucken d'Agenten, ob de Camion vir oder hannen eng Plack mat engem groussen "A" drop huet.

De Chauffer kritt de Message gewisen, der Camionnette vun der Douane nozefueren. Am Centre Douanier um Houwald kommen dann och d’Agente vun der Ëmweltverwaltung an d’Spill. Et gëtt ënnerscheet tëscht Offäll, iwwert déi einfach muss mat de richtege Pabeieren informéiert ginn, an Offäll, déi scho virum Transport mussen ugemellt ginn an och en Accord brauchen, erkläert d’Danielle Frères. Si ass Agentin vun der Kontrollunitéit vun der Ëmweltverwaltung.

De Camion, dee vum Bruno Sales a sengem Aarbechtskolleeg aus dem Verkéier geholl gouf, transportéiert Koffer. Op de Pabeiere gesinn d’Agenten, dass de Camion just duerch de Grand-Duché duerchfiert. Ma “Lëtzebuerg” ass awer net als Transit-Land uginn. Dowéinst gëtt en Avertissement taxé vu 74 Euro ausgestallt.

Fir sécher ze goen, dass de Camion och wierklech dat transportéiert, wat deklaréiert ass, gëtt en zum Schluss nach gescannt. Dat geschitt hei beim Thierry Frantzen a senger Aarbechtskolleegin. De Camion gëtt souzesoe gerëntgt. Bei deem heite Camion konnt ee soss näischt wéi Koffer erkennen, dofir kann e weiderfueren.

Déi aner Camionschauffere waarde schonn op hir Kontroll. Véier Stonne laang maachen dat d’Agente vun der Douane an der Ëmweltverwaltung. Kontrolléiert gëtt op der Autobunn an op den Haapt-Verkéiersachsen, esou de Christian Faack, vérificateur principal Douane. No spéitstens véier Stonne wéissten d’Camionschaufferen nämlech, dass kontrolléiert gëtt an et géingen nëmmen nach ganz wéineg Camione laanschtfueren. Fir d’Chauffere kascht eng Kontroll nämlech och Zäit.

Dëst Joer goufe bis de 15. Oktober Avertissement taxés am Wäert vu bal 17.000 € am Ganze geschriwwen. Viru ronn 10 Joer gouf mat der Kontroll vum Offalltransport ugefaangen. Zanterhier wieren d’Infraktioune staark erofgaangen, well d’Betriber besser Bescheed wéissten.