Den ukrainesche President Volodymyr Zelensky huet en Appell gemaach u seng Homologen aus Russland, Däitschland an Frankräich.

Hie freet de Wladimir Putin, den Emmanuel Macron an d'Angela Merkel, fir e Sommet fir d'Tensioune mam Moskau ze berouegen.

De Zelensky wéilt iwwer d'Sécherheet am Osten vun der Ukrain schwätzen an doriwwer, dass d'Territoire vun der Ukrain do net méi dierfte vun de Russen occupéiert ginn. Dat huet hien e Freideg zu Paräis deklaréiert, wou hie mam Macron geschwat huet. E Gespréich, bei deem d'Angela Merkel iwwer Video dobäi war.