Amazon wëll eng 30.000 Aarbechtsplazen ofbauen
© AFP Symbolbild
Beim US-Konzern Amazon solle scho vun en Dënschdeg u massiv Aarbechtsplazen ofgebaut ginn.
Dat hu verschidden US-Medie wéi de Wall Street Journal, d'New York Times an och Reuters gemellt. Ronn 30.000 Plaze sollen am Kader vu Spuermesuren ewechfalen an nach en Dënschdeg soll mat de Kënnegungen ugefaange ginn. Ma net nëmme sollen domat Käschte gespuert ginn, et ass och en Ausgläich fir exzessiv Rekrutementer wärend der Covid-Pandemie.
An der Haaptsaach wier d'Administratioun vum Online-Geschäft concernéiert. Beräicher wéi Distributioun a Lager sinn net betraff, déi de Groussdeel vun der Entreprise ausmaachen.
Am Ganze schaffen iwwer annerhallef Millioune Leit weltwäit fir Amazon. Dëse Plazenofbau ass dee gréissten Aschnëtt zanter 2022, wou 27.000 Plaze gestrach goufen.
Zu Lëtzebuerg schaffen aktuell iwwer 4.000 Leit fir Amazon. Hei wieren RTL-Informatiounen no eng 100 Aarbechtsplaze concernéiert. En Dënschdeg de Moien ass dann och eng Reunioun tëscht der Personaldelegatioun an der Direktioun.