D'USA wëllen op d'mannst 80 Milliarden Dollar an de Bau vun neien Atomkraaftwierker investéieren an hunn dofir 3 strategesch Partnerschaften ofgeschloss.

Um Bord vu senger Japan-Visitt huet den Donald Trump en Accord mat zwou Entreprisen an enger Investmentsocietéit ënnerschriwwen, fir an de Bau vun neien Atomkraaftwierker an de Vereenegte Staaten z'investéieren. D'Entreprise Westinghouse soll enger gemeinsamer Erklärung no d'Technologie dofir liwweren an de Cameco-Konzern d'Uran-Brennstief. Déi nei Reaktere géingen "déi industriell Basis vun der Kärenergie nees an d'Liewe ruffen" a solle Stroum fir Datenzentere liwweren, déi fir Kënschtlech Intelligenz gebraucht ginn. Wéi vill nei Atomkraaftwierker gebaut solle ginn, gouf net genannt.

Den Donald Trump hat Enn Mee véier Dekreeter fir de Bau vun neien Atomkraaftwierker ënnerschriwwen. D'Vereenegt Staate wéilten nees "eng richteg Muecht" am Nuklear-Secteur ginn, sot den Trump. Zil wier, d'Atomstroum-Produktioun duerch méi séier Autorisatiounen an den nächste 25 Joer ze vervéierfachen.

Aktuell sinn an den USA 94 Kärkraaftwierker a Betrib - déi gréisst Zuel weltwäit. D'Reakter gëllen allerdéngs als vereelzt. Am Duerchschnëtt sinn dës ëm 40 Joer al. Bedenke wéinst der Sécherheet huet den Trump am Mee zréckgewisen.

Eréischt e Méindeg hat Google en Accord ënnerschriwwen, fir d'Atomkraaftwierk am US-Bundesstaat Iowa ze reaktivéieren.