Kuerz virun 12 koum et zu engem Tëschefall um Kierchbierg, deen dofir gesuergt huet, datt d'Tramslinnen an der Ëmgéigend zäitweis blockéiert waren.

Op Nofro huet d'Police confirméiert, datt hei e Camion op der Kräizung vun der Rue Johannes Kepler mat der Avenue Kennedy d'Leitung vum Tram beschiedegt huet an dowéinst d'Ramme vu Luxtram op där Plaz net passéiere kënnen.

Wéi et kuerz drop am Traficinfo heescht, wier d'Kräizung tëscht der Rue Kepler an der Avenue Kennedy komplett blockéiert. Et géifen aktuell keng Trammen tëscht der Coque an der Rouder Bréck fueren a Berichter no soll och een Tram en aneren ofschleefen.

De CGDIS mellt dann och nach verschidden Tëschefäll op eise Stroossen. Esou krute sech kuerz no 7.30 Auer sech en Auto an e Motorrad op der A4 tëscht Lalleng a Féiz ze paken. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Um 11 Auer dann gouf et en Accident mat zwee Autoen tëscht dem Tunnel Houwald an der Sortie Iergäertchen. Och hei gouf et ee Blesséiert. Beim Materialschued blouf et da bei Tëschefäll tëscht Iechternach a Lauterbuer respektiv dem Schumannseck a Béiwen.