Den extreem staarken Hurrikan "Melissa" ass un der südwestlecher Küst vun Jamaika op Land getraff.

Dat deelt den US-Hurrikanzenter NHC en Dënschdeg mat. D'"Melissa" ass ee vun de stäerksten Hurrikanen, dee jeemools iwwer dem Atlantik gemooss goufe an dee stäerksten, deen zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen am Joer 1851 op Jamaika trëfft.

De Stuerm war zanter e Méindeg scho mat Wandvitesse vu bis zu 280 Stonnekilometer um Wee a Richtung Jamaika. Ma och wann d'Wandvitesse bannent dem Stuerm enorm héich waren, huet de ganze Stuerm sech nëmme mat ronn siwe Kilometer an der Stonn a Richtung Jamaika beweegt. Den NHC hat dowéinst gewarnt, dass d'"Melissa besonnesch geféierlech wier, et géif sech ëm en Hurrikan vun der Kategorie 5 handelen, wat bedeite géif, dass Liewensgefor besteet.

Den jamaikanesche Premier huet am Virfeld viru gréisseren Zerstéierunge gewarnt an huet d’Populatioun opgeruff, Schutz ze sichen. Och de lokale Wiederdéngscht rechent mat katastrophalen Iwwerschwemmungen. Doduerch datt den Hurrikan esou lues ënnerwee ass, géing e wuel vill Reen mat sech bréngen. An och d'Gefor vu Stuermfluten an Äerdrutsche wier méi grouss, virun allem, well et am Land vill Bierger ginn.

Ausleefer vum "Melissa" haten iwwert de Weekend schonn Haiti an d’Dominikanesch Republik getraff, an do eng Rei Doudeger gefuerdert.