Nom Accident mat fënnef Doudesaffer an 72 Blesséierter ass en Dënschdeg de Prozess ugaangen. Zwee Männer hätten dem Parquet no d'Ongléck kënne verhënneren.

Bal dräi an en halleft Joer nom uergen Zuchaccident zu Burgrain bei Garmisch-Partenkirschen a Bayern, bei deem fënnef Leit gestuerwe sinn an 72 blesséiert goufen, huet en Dënschdeg de Prozess um Landgeriicht München II géint zwee Mataarbechter vun der Bunn ugefaangen.

De Parquet reprochéiert de Männer Homicide involontaire a Kierperverletzung. Den Andreas M. war als "Fahrdienstleiter" an de Manfred S. als "Bezirksleiter Fahrbahn" fir d'Streck matresponsabel.

Méi genee gëtt dem Andreas M. virgeworf, um Owend vum Ongléck den Hiweis vun engem Maschinist op e "Schlenker" am Gleis net weiderginn an d'Streck gespaart ze hunn. De 66 Joer ale Pensionär soll duerch d'Ignoréiere vun der Warnung géint Virschrëfte verstouss an esou d'Entgleisung vum Zuch verursaacht hunn.

Den ugeklote Manfred S. soll iwwerdeem d'Bëtonsschwellen, déi den Accident verursaacht hunn, net fréi genuch ausgetosch hunn. Spéitstens zanter enger Inspektioun dräi Deeg virum Ongléck wier him d'Gefor fir d'Zich bewosst gewiescht an den 58 Joer ale "Bezirksleiter Fahrbahn" hätt der Uklo no op d'mannst eng Mesure missen en place setzen, datt d'Zich op där Plaz méi lues fuere mussen. Dem Parquet no hätt dat den Accident kënne verhënneren.

Ugekloten dementéiere bei Prozessoptakt rechtlech Responsabilitéit

Beim Optakt vum Prozess ëm d'Zuchongléck virun iwwer dräi Joer huet den Ugeklote "Fahrdienstleiter" Andreas M. gesot, datt hien d'Meldung vun engem Maschinist iwwer Problemer op der Streck um Virowend vum Accident net esou verstanen hätt, datt eng direkt Reaktioun néideg wier: "Ech hunn och keng Schlagwierder héieren, duerch déi direkt Mesuren néideg wieren."

De Maschinist hätt hien zwar op e "Schlenker" am Gleis higewisen. Dësen Hiweis hätt hien den aneren Dag weidergi wëllen, dat hätt hien awer verluppt: "ech kann iech leider Gottes net soen, firwat". Seng eenzeg Erklärung wier, datt hien no der Meldung op d'Toilette gaange war an d'Informatioun da "wéi ewechgeblose" gewiescht wier - seng Nott doriwwer wier ënner aneren Dokumenter verschwonne gewiescht. Sengem Affekot no hätt et strofrechtlech gesinn awer keng Relevanz, datt säi Client d'Meldung net weiderginn hätt. Esou wieren och no der Meldung vum Maschinist nach weider 28 Zich iwwer d'Plaz gefuer, ouni datt eppes geschitt wier.

De Manfred S. huet iwwerdeem de Reproche dementéiert, datt d'Problemer un de Bëtonsschwellen, déi d'Ongléck verursaacht hunn, vu baussen z'erkenne gewiescht wieren an dës scho laang hätte missen ausgetosch ginn. Hien hätt d'Decisioun, datt fir en Austausch nach Zäit wier, op d'Rapporte vu senge Kolleege gestëtzt.

Beim Accident den 3. Juni 2022 war der Uklo no den Zuch entgleist, well der Rei no Bëtonsschwelle versot hunn. Véier Fraen an een 13 Joer ale Jong sinn ëm d'Liewe komm.