De Sträit tëscht Paräis a London, iwwert d'Migranten déi via den Äermelkanal a Groussbritannie wëlle kommen, spëtzt sech weider zou.

Brittesch Medien haten driwwer spekuléiert, London géif seng Finanzhëllefe fir d'Securisatioun vun de Grenzen op franséischem Buedem kierzen a wéilt an Zukunft Booter mat Flüchtlingen ëmdréinen. Groussbritannien wéilt alles derfir maachen, datt Migranten Frankräich guer net eréischt verloossen.  De franséischen Inneminister Gérard Darmanin reagéiert op Twitter. "Frankräich géif sech net erpresse loossen", schreift de Regierungsmember.

Tweet