Den Aarbechtsminister Georges Mischo wier falsch op senger Plaz
© RTL Archiv
D'Gewerkschafte maache Front géint de Georges Mischo. Den Aarbechtsminister ass an den Ae vun LCGB an OGBL de falsche Mann um Rousegäertchen.
Deen däitleche Message kritt de Premier Luc Frieden an engem rezente Bréif mat op de Wee. En Dokument, wat der RTL-Redaktioun virläit.
Op gutt 3 Säite loossen d'Syndikater kee gutt Hoer um Georges Mischo, u senger Aarbecht an och u senger Persoun. D'Syndikater ënnerstellen him, datt hie säin Job net éierbar mécht a sech net adequat ze behuele weess. LCGB an OGBL verlaangen tëschent den Zeilen dann och Konsequenze vum Premier.
Datt d‘Relatioun holpereg ass ass kee Geheimnis. Ma de Pabeier vun Nora Back a Patrick Dury weist, wéi déif de Gruef wierklech ass. Béid Gewerkschaftspresidenten deelen dem Premier mat, datt den Aarbechtsminister an hiren Aen eng kloer Feelbesetzung ass.
An de Choix vun de Wieder ass nawell aussergewéinlech hefteg. De Minister wier net op der Héicht fir den Exigenze vu sengem Mandat gerecht ze ginn. Hien hätt net déi nei néideg Sachkenntnis, net déi gefuerdert praktesch a perséinlech Capacitéiten a wéisst sech net ze behuelen.
E Minister misst Kompetenze mat sech bréngen ewéi Leadership, Kommunikatioun an e misst Problemer kënne léisen. Dat alles kéint de Georges Mischo net, fannen OGBL an LCGB. D‘Syndikater schreiwen en Historique iwwer alles, wat an hiren Aen an de leschten zwee Joer gelaf ass.bDe Minister Mischo hätt de Comité permanent du travail et de l‘emploi zu engem consultativen Organ degradéiert. An deem CPTE hätt generell eng koherent Approche gefeelt.
D‘Regierung hätt unilateral Gesetzprojeten op de Wee bruecht, ouni dës am genannte Gremium ze beschwätzen. De Minister hätt eng Reform vum Congé collectif ugeschwat, obwuel dësen ni e Sträitthema tëschent de Sozialpartner gewiescht wier. De Minister hätt refuséiert de Gewerkschafte Garantien a punkto Negociatioune vu Kollektivverträg ze ginn, wat d'Syndikater wuel besonnesch rose gemaach huet.
De Georges Mischo hätt an dësen zwee Joer keng Geleeënheet ausgelooss, fir Ueleg an d‘Feier ze schëdden an en hätt kee Respekt vis-à-vis vun de Gewerkschafte gewisen, seet d'Front vun de Syndikater. Generell wier d'Regierung beim Sozialdialog bis ewell nom Prinzip verfuer, "'t éischt gëtt consultéiert an da gëtt decidéiert an zwar eleng".
D‘Relatioun mam Minister wier um Déifpunkt, d‘Vertrauen an den Aarbechtsminister wier fort, schreiwen d‘Gewerkschaften.
En eventuelle Retablissement vun engem konstruktiven a rouege Sozialdialog wier ofhängeg dovunner, datt déi néideg Konditioune vu Säite vum Ministère erfëllt wieren.
Ob mat deem Saz tëschent den Zeilen e Remplacement vum Georges Mischo verlaangt gëtt, ass Interpretatiounssaach, op alle Fall gi Changementer respektiv Konsequenze gefuerdert.
De Bréif vum 9. Oktober goung un d‘Adress vum Premier Luc Frieden. Eng Kopie kruten de Vize-Premier Xavier Bettel an den Aarbechtsminister Georges Mischo selwer. De Georges Mischo reagéiert en Donneschdeg an der Mëttegstonn op d'Virwërf vun de Gewerkschaften.