Wien dëser Deeg an de Fluchradar geluusst huet, deem ass villäicht eng méi besonnesch Maschinn an d'Ae gefall, déi hir Ronnen iwwer Europa gedréint huet.

De Fluch mam Numm "RCH458" ass e Sonndeg vum Tacoma Gray Army Arifield am US-Bundesstaat Washington queesch iwwert den Atlantik geflunn an ass méi spéit op der amerikanescher Ramstein Air Base a Rheinland-Pfalz gelant, wéi aus Donnéeë vu Flightradar24 ervirgeet.

En Dënschdeg ass et vun do aus weider op d'Volkel Air Base an Holland an dunn a Richung Brescia am Norde vun Italien gaangen, wou de Militärfluchhafen Ghedi ass. Um Wee a Richtung Süden ass den US-Militärfliger och iwwer Lëtzebuerg geflunn. De leschte registréierte Fluch war e Mëttwoch am Nomëtteg, wou de Fliger vu Brescia wieder an d'Tierkei geflunn ass, méi genee op Adana am Süde vum Land. Do läit d'Incirlik Air Base.

Dat Besonnescht un dësen Deplacementer: "RCH458" ass d'Fluch-Bezeechnung, déi dem Fliger USAF Boeing C-17A Globemaster III (reg. 08-8192) zougedeelt ass. ItaMilRadar, eng Säit, déi Militärflich am Mediterrane Raum iwwerwaacht, schreift, datt de Fliger zum 62nd Airlift Wing géif gehéieren - déi eenzeg Unitéit, déi nuklear Bestanddeeler dierft transportéieren. Zwar géif et dofir keng offiziell Confirmatioun ginn, ma d'Route vum US-Militärfliger laanscht d'Militärbasen, deenen nogesot gëtt, datt do US-Nuklearwaffe géife lageren, géif suggeréieren, datt d'Operatioun Deel vun der Logistik wier, fir d'US-Nuklearwaffen op europäeschem Terrain ze ersetzen an ze erneieren.

Aktuell ass vill Beweegung am Dossier ronderëm US-Atomwaffen. Dem President Trump seng Annonce d'lescht Woch, datt d'USA nees géife mat nuklearen Tester ufänken, hat fir Opreegung uechter d'Welt gesuergt. Wat genee hien domat gemengt huet - ob elo Waffesystemer getest ginn, wéi d'USA et scho maachen, oder op tatsächlech nees explosiv Tester gemaach ginn - ass net kloer ervirgaangen.

Schonn an der Vergaangenheet goung awer dovu rieds, datt US-Nuklearwaffen an Europa mat neie Systemer sollen ekipéiert ginn.