Israel deklaréiert Grenz zu Ägypten zum Spärgebitt
© Yasin Ozturk / ANADOLU / Anadolu via AFP
Well mat Hëllef vun Drone Waffen an d'Gazasträif geschmuggelt ginn, gëtt am Grenzgebitt jiddereen an d'Viséier geholl.
Den israeelesche Verdeedegungsminister huet d'Grenzregioun zu Ägypten zum militäresche Spärgebitt deklaréiert. Et missten all méiglech Moossnamen ergraff gi fir de Waffeschmuggel mat Dronen z'ënnerbannen, sou den Israel Katz. Dofir wäerten och d'Reegele vun hire Militärasätz geännert ginn.
Israel géif deenen de Krich erklären, déi an de Schmuggel vu Waffen an d'Gazasträif verwéckelt sinn. Mat Hëllef vun Drone kéinte sech hir Feinden nei arméieren, a jiddereen, deen an Zukunft an dat gespaarte Gebitt andréngt, wäert an d'Viséier geholl ginn.
Eegenen Aussoen no huet dat israeelescht Militär e Sonndeg an en Dënschdeg zwee Versich, Waffe mat Hëllef vun Dronen ze schmuggelen, ënnerbonnen. Se hätten 8, respektiv 10 Waffen transportéiert.
D'Grenz tëscht Israel an Ägypten erstreckt sech iwwer knapp 200 Kilometer. Am Oste grenzt Israel u Jordanien. Mat béide Staaten existéiert e Friddensofkommes a ginn diplomatesch Bezéiungen ënnerhalen. An der Gazasträif hat Israel am Mee zejoert d'Kontroll iwwert de Grenziwwergank Rafah op der ägyptescher Grenz iwwerholl, an dat ënnert anerem mat Waffeschmuggel begrënnt.