Nom Taifun "Kalmaegi" ass d'Zuel vun den Doudesaffer op de Philippinnen op méi ewéi 140 geklommen.

127 Leit ginn den Ament nach vermësst an iwwer eng hallef Millioun waart aktuell nach drop, nees an hiert Doheem zeréck dierfen ze goen.

De Stuerm war en Dënschdeg mat enger duerchschnëttlecher Vitess vun 130 Kilometer an der Stonn iwwert den Zentrum vum Inselstaat gezunn. Deelweis goufen och Wandspëtzte vun 180 Stonnekilometer gemooss. En Donneschdeg mellt de philippinneschen Zivilschutz 114 Doudesaffer aus dëser Regioun. Dobäi kéimen nach eng Kéier 28 Doudeger op der Insel Cebu. D'Gouverneurin vun der Insel huet an engem Radio-interview vun engem Chaos ouni Beispill geschwat. Op de Stroosse vun der Provënzhaaptstad Cebu City géifen ëmgekippten Autoen, Diecher an aner Reschter vun Haiser leien.

Mat antëscht iwwer 140 Doudesaffer wier den Taifun "Kalmaegi" der internationaler Katastrophen-Datebank "EM-DAT" no dee bis ewell weltwäit déidlechste vun dësem Joer.