En Donneschdeg huet de brittesche Prënz William zu Rio de Janeiro a Brasilien d'Gewënner vum "Eartshot Prize" 2025 annoncéiert.

Wéi et um Internetsite vum "Earthshot Prize" heescht, géif de Präis un Organisatioune goen, déi innovativ Léisungen an der Lutte géint de Klimawandel entwéckelen am ëmsetzen. All Joer gi fënnef Gewënner ausgewielt, déi eng Millioun Pond kréien, déi si kënnen notzen, fir hir Léisung op enger méi grousser Échele ëmzesetzen.

Zu de Gewënner 2025 zielt och d'ONG "Friendship", déi am Bangladesch aktiv ass a sech do fir de Schutz vu vulnerabele Communautéite virun den Auswierkunge vum Klimawandel asetzt. Si krut de Präis an der Kategorie "Fix our Climate".

"Friendship" huet och e Lien an de Grand-Duché. 2006 gouf "Friendship Luxembourg" gegrënnt. Déi Lëtzebuerger Organisatioun ënnerstëtzt d'ONG aus dem Bangladesch ënner anerem duerch d'Verwaltung vun de Ressources humaines, Recherchen an d'Sammele vu Spenden.