Poopst Leo XIV. empfänkt Palästinenserpresident Abbas
© Handout / Vatican Media / AFP
De Poopst Leo XIV. huet en Donneschden de Palästinenserpresident Mahmud Abbas am Vatikan empfaangen.
Bei de Gespréicher wier et an der Haaptsaach ëm d'Ënnerstëtzung fir d'Zivilbevëlkerung an der Gazasträif amgaangen, heescht et aus dem Vatikan. Weider ass et ëm d'Beméiunge fir eng Zwee-Staate-Léisung gaangen. Déi missten dréngend weidergefouert ginn, fir de Konflikt ze stoppen. Et war dat éischt Treffen tëschent dem neie Poopst an dem Abbas. E Freideg ass een Treffe mat der italieenescher Regierungscheffin Giorgia Meloni geplangt.
An der Gazasträif ass no ronn zwee Joer Krich zanter bal engem Mount een zerbriechleche Waffestëllstand tëschent Israel an der Hamas a Kraaft. Den Abbas ass zanter laangem President vun der palästinensescher Autonomie-Autoritéit, déi eng ageschränkt Kontroll iwwert de Westjordan ausüübt. Seng Partei Fatah rivaliséiert mat der radikalislamescher Hamas, déi 2007 d'Kontroll an der Gazasträif iwwerholl huet. Den Abbas huet dem Leo XIV. säin am Abrëll verstuerwene Virgänger Franziskus e puermol getraff. Den Abbas an de Leo XIV. hate schonn am Juli mateneen telefonéiert.
De Poopst Franziskus hat an de leschte Méint vu sengem Pontifikat déi israeelesch Ugrëff an der Gazasträif staark kritiséiert. De Leo XIV. huet sech an deem Kontext bis ewell méi moderat geäussert. Zwar huet e sech mat de Palästinenser solidaresch gewisen an hir Zwangsëmsiidlung verurteelt, mee gläichzäiteg huet en awer och betount, datt den Hëllege Stull d'Situatioun an der Gazasträif net als "Vëlkermord" bezeechne kéint.