Den Aarbechtsminister reagéiert op e Protestbréif, deen LCGB an OGBL dem Premier geschéckt haten. Si zweiwelen um Georges Mischo senge Kompetenzen.

Dat wiere keng flott Momenter, mä hie wier lo ëm sou motivéiert, géing no vir kucken an op e konstruktive Sozialdialog hoffen. Sou reagéiert den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo op de Protestbréif, deen d‘Gewerkschaftsfront viru gutt dräi Wochen un de Premier Luc Frieden geschéckt huet. En Dokument, an deem de Georges Mischo schaarf attackéiert gouf. Der RTL-Redaktioun läit dëse Bréif vir, an och d'Lëtzebuerger Land huet schonn iwwert dat Schreiwes bericht.

Georges Mischo reagéiert op Kritik vu Gewerkschaften / Reportage Pit Everling

D’Presidente vun OGBL an LCGB hunn an hirem Bréif vum 9. Oktober nawell hefteg Wieder gewielt. Den CSV-Minister wier net op der Héicht, fir den Exigenze vu sengem Mandat gerecht ze ginn. Hien hätt net déi nei néideg Sachkenntnis, net déi gefuerdert praktesch a perséinlech Capacitéiten a wéisst sech net ze behuelen. Dat hätt hien ënner anerem am Comité permanent du travail et de l'emploi bewisen. D‘Relatioun mam Georges Mischo wier um Déifpunkt, d‘Vertrauen an den Aarbechtsminister wier fort. Dat alles schreiwen LCGB an OGBL am Bréif. D’Reaktioun vum viséiere Minister Georges Mischo:

"Ech hunn natierlech dee Bréif zur Kenntnis geholl an ech hu mer och Gedanke gemaach an ech hunn dat natierlech bedauert, dass en esou perséinlech ginn ass, de Bréif, respektiv, dass en ënnert de Rimm gaangen ass, mat verschiddene Behaaptungen a voilà."

Eng Rei Remarke vun de Gewerkschafte wëll den CSV-Politiker net am Raum stoe loossen.

"Also ech wëll emol eng Kéier vun der Geleeënheet profitéieren, fir ze soen, dass ech weeder Saachen express maachen, nach e Provokateur sinn, andeem ech Saachen initiéieren oder Saachen op de Wee bréngen."
  
Am Detail huet de Georges Mischo déi eenzel Kritiker vun de Syndikater net kommentéiert. Op d’Fro, ob hien alles richteg gemaach hätt, sot hien awer dëst:

"Natierlech geschéie Feeler. Et ass och esou, dass den Aarbechtsministère e ganz schwéiere Ministère ass."

Hie wier awer net nodroend a géing elo no vir kucken, hie wier elo ëm sou méi motivéiert, sou de Georges Mischo. Nom Bréif goufen et jo nach Entrevuë mat de Sozialpartner an do wier d’Stëmmung ganz konstruktiv gewiescht, sou den CSV-Politiker.

De Bréif war un de Premier Luc Frieden an un de Vize-Premier Xavier Bettel adresséiert. Am leschte Saz ginn tëschent den Zeile Konsequenze gefuerdert. Personell Konsequenze kéimen awer op alle Fall keng, sou de Georges Mischo

"Jo, also et ass net, dass ech do Fanger geklappt kritt hunn. Voilà. Nee, dat awer net."

Dee Bréif wier natierlech regierungs-intern thematiséiert ginn. Ma wat do genee beschwat gouf, soll interna bleiwen, sou nach de Georges Mischo.