Um Mëttwoch war et ee Meeting zu Tignes wou déi weltbescht Athleten am Dräisprong géinteneen ugetruede sinn.

Dat Ganzt awer net am Stadion ewéi gewinnt, mee zu Tignes op enger Héicht vun 3.000 Meter. Schwéier Konditioune fir d'Athleten, déi mat ënner anerem och mat vill Wand ze kämpfen haten.

De Christian Taylor ass hei 16,99 Meter wäit gesprongen a bleift domat net nëmme wäit hannert sengem Landsmann Will Clay, dee mat 17,42 Meter gewonnen huet, ma nach vill méi wäit hannert dem Weltrekord vum Brit Jonathan Edwards. De Brit war 1995 ganzer 18,29 Meter wäit gesprongen.

Beim Wäitsprong huet de Südafrikaner Luvo Manyonga mat 8,46 Meter gewonnen.