Dat huet säi leschte Veräin Minerva Lëntgen op de soziale Medien annoncéiert.

E Méindeg ass de Philippe Ciancanelli am Alter vun 58 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

De Philippe Ciancanelli war tëscht 2006 an 2014 als Trainer bei Stengefort a Rodange aktiv. E Joer méi spéit gouf hien du Co-Trainer beim Stater Racing a war och zweemol kuerzzäiteg Interimstrainer. Duerno war den Ciancanelli och techneschen Direkter a Vizepresident vum Stater Fusiounsveräin. No engem Joer als Sportdirekter vun der Dammenekipp vum Swift Hesper, ass hien dëse Summer bei d'Minerva Lëntgen gewiesselt a war do Sportdirekter.