Trainer vu Borussia Mönchengladbach
Eugen Polanski ënnerschreift e Kontrakt bis 2028
© AFP (Archiv)
Den 39 Joer jonke Pol huet déi lescht 3 Matcher mat de "Fohlen" gewonnen.
Den Eugen Polanski bleift weiderhin Trainer vu Borussia Mönchengladbach. Hien ënnerschreift ee Kontrakt bis 2028. Nom Depart Gerardo Seoane huet de Polanski Gladbach als Interimstrainer iwwerholl an huet d'Ekipp vum "Niederrhein" duerch Victoire géint St. Pauli a Köln vun der leschter Plaz op Plaz 12 no vir gefouert.
Donieft konnt sech Gladbach och an der Coupe géint Karlsruhe duerchsetzen. Den Eugen Polanski ass vun 2019 zu Gladbach aktiv. Als Spiller huet hien och fir d'"Fohlen" gespillt, donieft awer ënner anerem och fir Mainz an Hoffenheim.
Am meeschte gelies