Däitschland, Holland a Kroatien fir d'WM qualifizéiert, Polen muss an de Playoff
© John Thys/AFP
E Méindeg den Owend war et d'Suite vun der WM-Qualifikatioun am Futtball.
Am Grupp L huet sech Kroatien direkt fir d'WM qualifizéiert. Tschechien steet no der klorer Victoire géint Gibraltar op der 2. Plaz a geet an de Playoff. Holland huet sech am Grupp G nom Succès géint Litauen déi 1. Plaz an den direkten Ticket fir d'WM geséchert. Malta war Polen knapp mat 2:3 ënnerleeën. Mat där Victoire huet Polen sech den Ticket fir de Playoff gekroopt.
En Dënschdeg den Owend ginn dann déi lescht Matcher vum leschte Spilldag gespillt. Hei ginn dann och déi lescht direkt Tickete fir d'WM verdeelt, ier dann nach de Playoff ëm déi lescht Plaze bei der WM gespillt wäert ginn.
Grupp L
Tschechien - Gibraltar 6:0
1:0 Doudera (5'), 2:0 Chory (18'), 3:0 Coufal (32'), 4:0 Karabec (39'), 5:0 Soucek (44'), 6:0 Hranac (51')
Montenegro - Kroatien 2:3
1:0 Osmajic (3'), 2:0 Krstovic (17'), 2:1 Perisic (37', Eelefmeter), 2:2 Jakic (73'), 2:3 Vlasic (87')
Grupp G
Malta - Polen 2:3
0:1 Lewandowski (32'), 1:1 Cardona (36'), 1:2 Wszolek (59'), 2:2 Teuma (68', Eelefmeter), 2:3 Zielinski (85')
Holland - Litauen 4:0
1:0 Reijnders (16'). 2:0 Gakpo (58', Eelefmeter), 3:0 Simons (60'), 4:0 Malen (62')