Lëtzebuerg mat verdéngter 2:1-Victoire géint d'Schwäiz
Um Dënschdeg den Owend war de leschte Match vum Joer vun der U21-EM-Qualifikatioun fir déi jonk Rout Léiwen.
Op der Escher Grenz ass et eng iwwerraschend, awer méi wéi verdéngten 2:1-Victoire géint d’Schwäiz ginn. Am Klassement sinn d’Lëtzebuerger domat mat 4 Punkten op der 5. Plaz. Estland ass mat 2 Punkten op der leschter Plaz.
D’Gäscht sinn als Favoritten an de Match gaangen. Si haten nach keng Defaite kasséiert. De 14. November hate si mam grousse Favorit vum Grupp, an zwar Frankräich, d’Punkte gedeelt.
An der 2. Minutt scho waren d’Lëtzebuerger no engem Versuch vum Kapitän Miguel Goncalves vun Homburg net ongeféierlech. De Leon Elshan, deen op der Escher Grenz spillt, huet d’Gäscht an der Ufanksphas e puer Mol mat Schëss erféiert, déi nëmme knapp driwwer oder laanscht goungen. D’Schwäizer hu géint gutt inspiréiert Lëtzebuerger an de Minutte 15 an 18 eng Reaktioun gewisen; 2 Mol mat deem selwechten Spiller, dem Alessandro Vogt.
Et waren emol nach keng 20 Minutte gespillt, an nees gouf et e geféierleche Schoss vun de Roude Léiwen. Den Jason Videira vu Mainz huet knapp laanscht geschoss. An der 24. Minutt gouf d’Lokalselektioun ferm gewarnt. An enger Partie, déi richteg animéiert war an op engem héije Rhythmus gespillt gouf, huet de Sascha Britschgi de Potto geroden.
10 Minutte virun der Paus haten d’Lëtzebuerger eng richteg staark Phas. Si hunn et e puer Mol probéiert. Dee geféierlechste Schoss war vum Leon Elshan. De Golkipper Silas Huber war bei de Schwäizer am Mëttelpunkt. D’Rout Léiwen hu weider Drock gemaach, mee et ass virun 349 Spectateuren mat 0:0 an d’Kabinne gaangen.
No der Paus huet et eng Zäitche gedauert, bis béid Selektiounen op Toure koumen. An der 54. Minutt hu béid Golkipper staark reagéiert. Bei de Lëtzebuerger war den Ivan Englaro vum F91 Diddeleng richteg geféierlech. An der 66. Minutt bei déiwen Temperaturen déi kal Douche fir d’Lëtzebuerger: den agewiesselte Franz-Ethan Meichtry huet aus relativ kuerzer Distanz e stramme Schoss lass gelooss. De Golkipper Joao Margato, deen um Progrès spillt, ass nach dru komm, mee hie konnt de Gol net verhënneren.
D’Reaktioun vun de Roude Léiwe koum 4 Minutten drop. No engem héije Ball huet den Defenseur Helmer Tavares, deen zu Alcobendas a Spuenie spillt, zum méi wéi verdéngten 1:1 agekäppt. Nach besser ausgesinn huet et dunn no 86 Minutte no engem spektakuläre Selbstgol vum Cyril May. 2:1 fir d’Rout Léiwen. Genee wéi beim 1. Lëtzebuerger Gol war déi entscheedend Flank vum Leon Elshan.
Och nom decisive Gol war d’FLF-Selektioun an der Schlussphas déi besser Ekipp.