Spuenien, Belsch a Schottland qualifizéiert, Dänemark muss an d'Playoffs
© AFP
En Dënschdeg den Owend war den Ofschloss vum leschte Spilldag an der europäescher Qualifikatioun fir d'WM 2026.
Am Grupp B hätt de Kosovo géint d'Schwäiz missen 11 Goler Differenz ophuelen, fir direkt op d'Weltmeeschterschaft ze fueren. D'Schwäiz huet awer näischt ubrenne gelooss an um Enn gouf et een 1:1-Remis, woumat d'Eidgenossen de WM-Ticket geléist hunn an de Kosovo an de Playoffs spille wäert. Am zweete Match hu Schweden a Slowenien sech och 1:1 getrennt. Trotz enger enttäuschender 4. Plaz am Grupp ass och Schweden wéinst der Nations League bei de Playoffs dobäi.
Am direkten Duell ëm d'Qualifikatioun am Grupp C huet de McTominay d'Schotte géint Dänemark per Fallrückziher a Féierung bruecht. No enger knapper Stonn huet den Højlund aus 11 Meter egaliséiert, wat den Däne fir d'Qualifikatioun duergaange wier. Schottland konnt ronn 10 Minutte viru Schluss duerch de Shankland den 2:1 markéieren, just 3 Minutten drop huet den Dorgu awer op en Neits egaliséiert. Op de Gol vum Tierney hat Dänemark allerdéngs keng Äntwert méi an de spektakulären Ofschloss vum McLean huet schlussendlech dofir gesuergt, dass Schottland sech fir déi éischte Kéier zanter 1998 nees fir eng WM qualifizéiert. Dänemark muss iwwerdeems an d'Playoffs. Am anere Match hu Belarus a Griicheland 0:0 gläichgespillt, fir béid Ekippen ass et ëm näischt méi gaangen.
Am Grupp E hat d'Tierkei géint Spuenien just nach rechneresch Chancen op eng direkt Qualifikatioun. 2:2 huet et no 90 Minutten zu Sevilla geheescht, woumat d'Spuenier sech qualifizéieren an d'Tierkei an de Playoffs untriede wäert. Am zweete Match vum Grupp huet Bulgarien sech 2:1 géint Georgien duerchgesat, och hei waren déi zwee Länner schonn eliminéiert.
Bosnien-Herzegowina huet an Éisträich eng Victoire gebraucht, fir um leschte Spilldag nach laanscht d'Éisträicher un d'Spëtzt vum Grupp H ze zéien. Nom fréie Gol vum Tabakovic huet Éisträich kuerz virun der Paus e Gol geschoss, deen no VAR-Agrëff awer annuléiert gouf. Eng Véierelsstonn viru Schluss huet de Gregoritsch dunn den 1:1 geschoss, woumat hie fir déi éischt Éisträicher WM-Qualifikatioun zanter 1998 suergt. Donieft huet Rumänien San Marino 7:1 geklappt. Rumänien ass am Grupp just 3. ginn, wéinst der Nations League steet een awer trotzdeem an de Playoffs.
Am Grupp J konnt d'Belsch sech mat enger souveräner 7:0-Victoire géint Liechtenstein den Ticket fir d'WM sécheren. Am zweete Match huet Wales iwwerraschend däitlech 7:1 géint Nordmazedonien gewonnen a sech domat fir d'Playoffs qualifizéiert. Wéinst der Performance an der Nations League ass Nordmazedonien awer och an de Playoffs dobäi.
Um Méindeg hat Lëtzebuerg knapp mat 0:1 an Nordirland verluer. Donieft konnte sech Däitschland, Holland a Kroatien den Ticket fir d'WM 2026 sécheren.
Grupp B
Kosovo - Schwäiz 1:1
0:1 Vargas (47'), 1:1 Muslija (74')
Schweden - Slowenien 1:1
0:1 Elsnik (65'), 1:1 Lundgren (88')
Grupp C
Schottland - Dänemark 4:2
1:0 McTominay (4'), 1:1 Højlund (57', Eelefmeter), 2:1 Shankland (79'), 2:2 Dorgu (82'), 3:2 Tierney (90+3'), 4:2 McLean (90+9')
Belarus - Griicheland 0:0
Grupp E
Spuenien - Tierkei 2:2
1:0 Olmo (4'), 1:1 Gül (42'), 1:2 Özcan (55'), 2:2 Oyarzabal (62')
Bulgarien - Georgien 2:1
1:0 Rusev (10'), 2:0 Krastev (24'), 2:1 Lochoshvili (88')
Grupp H
Éisträich - Bosnien-Herzegowina 1:1
0:1 Tabakovic (12'), 1:1 Gregoritsch (77')
Rumänien - San Marino 7:1
0:1 Giacopetti (2'), 1:1 Rossi (13', Selbstgol), 2:1 Baiaram (29'), 3:1 Man (42'), 4:1 Valentini (57', Selbstgol), 5:1 Hagi (76'), 6:1 Ratiu (82'), 7:1 Munteanu (87', Eelefmeter)
Grupp J
Belsch - Liechtenstein 7:0
1:0 Vanaken (3'), 2:0 Doku (34'), 3:0 Doku (41'), 4:0 Mechele (52'), 5:0 Saelemaekers (55'), 6:0 De Ketelaere (57'), 7:0 De Cuyper (59')
Wales - Nordmazedonien 7:1
1:0 Wilson (18'), 2:0 Brooks (21'), 2:1 Miovski (23'), 3:1 Johnson (37'), 4:1 James (57'), 5:1 Wilson (75'), 6:1 Wilson (81', Eelefmeter), 7:1 Broadhead (88')