E Méindeg goung fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp d'WM-Qualifikatioun op en Enn. No 6 Spilldeeg steet d'FLF-Selektioun mat eidelen Hänn do.

Mir schreiwen déi 40. Minutt am Windsor Park zu Belfast. Et war de Knackpunkt an dëser Partie. De Christopher Martins huet den Ciaron Brown onglécklech um Fouss geroden. No Récksprooch mam VAR huet den estneschen Arbitter op de fatale Punkt gewisen. Den Jamie Donley huet dësen Eelefmeter och zum 1:0-Schlussresultat eragesat. Iwwert déi ganz Campagne hat een d'Gefill, wéi wa 50:50-Situatiounen ni en Faveur vun der FLF-Selektioun géingen ausfalen.

Laurent Jans:"Déi ganz Campagne waren ëmmer déi Klengegkeeten, déi kleng Detailer, déi Eelefmeteren, déi d'Géigner kruten. Si hunn immens vill Eelefmeter géint eis krit, ech menge mir kruten 3 Stéck géint eis. Dat deet natierlech wéi, zemools well mir selwer d'Occasiounen an der éischter Hallschent do leien haten. Mir musse se natierlech och ra maachen. Et ass ganz batter haut nach eng Kéier."
 
D’Rout Léiwen hate virun allem an der éischter Hallschent hir Golchancen. No 24 Minutten ass de Christopher Martins um Conor Hazard hänken bliwwen. Puer Amenter méi spéit ass dem Mathias Olesen säi Schoss nëmme knapp laanscht de Potto gaangen. Déi zweet Hallschent war du vu béide Säiten net ganz berauschent.

Déi plakeg Fakte vun dëser WM-Qualifikatioun gesinn esou aus: no 6 Spilldeeg schléisst d’FLF-Selektioun de Grupp A mat 0 Punkten als Tabelleleschten of. Et ass donieft déi éischt Campagne zanter 20 Joer, an där déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp kee Punkt krut. Nëmmen ee Gol huet d’Ekipp vum Jeff Strasser an dëser WM-Quali markéiert. Dëst ass dem Aiman Dardari bei 1:3-Defaite am Allersmatch géint Nordirland gelongen. 13 Goler hunn Sinani, Barreiro a Co. geschoss krit. Donieft hu si géint Nordirland an Däitschland zwee Matcher an Ënnerzuel misse fäerdeg spillen. Doru muss sécherlech geschafft ginn.

Mee da kënnt dee grousse Mee: D’Rout Léiwe ware sécherlech iwwert déi 6 Matcher net ëmmer déi méi schlecht Ekipp. Bei deene gudde Prestatioune géint beispillsweis d’Slowakei an och Däitschland hätt d’FLF-Formatioun sécherlech deen een oder anere Punkt verdéngt gehat. Esou huet dat och den Dan Huet gesinn, deen e Méindeg fir de giel-gespaarten Nationaltrainer Jeff Strasser, vum Co-Trainer zum Cheftrainer gouf.

Dan Huet: "Ech sinn ëmmer een, deen der Meenung ass, datt een dat krit, wat ee verdéngt. Et dauert just heiansdo e bëssen. Ech mengen net, datt mir déi 0 Punkten hei verdéngt hunn. Mee et war villäicht "un Mal pour un Bien". Doriwwer eraus musse mir aus eiser Analys déi néideg Schlëssel zéien, fir datt et an Zukunft besser geet. Net nëmme spilleresch, do geet et ëmmer nach besser, mee virun allem resultat-technesch."

Weider geet et fir d’Rout Léiwen am Mäerz d'nächst Joer mat de Nations-League-Playoffe géint Malta. Da gëllt et den Ofstig an d’Liga D vun der Nations League ze evitéieren.