Lëtzebuerger Damme mat klorer Victoire géint Bosnien-Herzegowina
Um Dënschdeg huet d'Dammennationalekipp den drëtte Match vun der EM-Qualifikatioun 2027 gespillt.
Virun 1100 Zuschauer an der Coque um Kierchbierg hunn d'Rout Léiwinnen de Match vun Ufank un dominéiert a sech um Enn däitlech mat 75:39 duerchgesat.
D'Gäscht hunn déi éischt zwee Punkten am Match geworf, dat war allerdéngs déi leschte Kéier, dass Bosnien-Herzegowina a Féierung louch. Lëtzebuerg huet d'Kontroll iwwer d'Partie mat engem 15:0-Laf iwwerholl. 7 Spillerinne vun der Lokalekipp hu bis zur Paus Punkte
markéiert an d'FLBB-Selektioun ass mat enger 46:23-Féierung an d'Kabinn gaangen.
D'Lëtzebuerger Dammen hunn de Virsprong no der Paus weider ausgebaut. Virun den Ae vum Sportminister Georges Mischo souwéi dem spuenesche FIBA Europe President Jorge Garbajosa huet d'FLBB-Selektioun keng Zweiwel méi opkomme gelooss, dass si dëse Match wäert gewannen.
Mat enger kollektiver Leeschtung huet Lëtzebuerg iwwerzeegt. Zweestelleg gescort hunn d'Magaly Meynadier (18), d'Isi Etute (17) an d'Dionne Majdo (14).
Dräi vu sechs Spilldeeg sinn an der Qualifikatioun gespillt, am Mäerz 2026 geet et weider. Fir den zweeten Tour qualifizéiere sech déi zwee Gruppenéischt an déi dräi stäerkste Gruppendrëtt. Mat zwou Victoiren um Kont ass Lëtzebuerg deemno an enger exzellenter Ausgangspositioun, fir den zweeten Tour ze erreechen.
All d'Resultater vun der Campagne:
Irland - Lëtzebuerg 53:69
Israel - Lëtzebuerg 77:65
Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina 75:39
D'Tabell am Grupp A
1. Israel (3 Matcher, 6 Punkten)
2. Lëtzebuerg (3 Matcher, 5 Punkten)
3. Irland (3 Matcher, 4 Punkten)
4. Bosnien-Herzegovina (3 Matcher, 3 Punkten)