Déi däitsch Sportreporterin Laura Wontorra war e Freideg um Lännermatch géint Lëtzebuerg.

Ma éier de Ball gerullt ass, hat den Dan Spogen d’Moderatorin am Interview. Lëtzebuerg kennt si gutt, als Kand huet d’Laura Wontorra zu Lëtzebuerg gewunnt.

Si ass am Grand-Duché an enger Crèche gewiescht, hiert Lëtzebuergescht ass e bëssen agerascht: “Moien, wéi geet et?” Dat wier dat Eenzegt, wat hänke bliwwe wier.

D’Laura Wontorra steet dacks op de grousse Bünen, esou nach um Donneschdegowend bei der Bambi-Iwwerreechung. Am Interview mat RTL huet si awer kloer gemaach, dass si léiwer um "Bolzplatz" steet, wéi um rouden Teppech.

Nieft der Reporterin war och de Lothar Matthäus Invité an der Sendung Live. Et hätt sech vill am Lëtzebuerger Futtball gedoen, an awer wier Däitschland de klore Favorit.

Nom Match hätt den Expert dat sécher e bëssen anescht ageschat. Lëtzebuerg huet d’Mannschaft virop an der éischter Hallschent gutt am Grëff gehat. Mam Resultat vun 2:0 sinn déi Däitsch mat engem bloe A ewechkomm.

D’Süddeutsche Zeitung huet dat esou kommentéiert:

Ein 2:0-Sieg, der zwei bis drei Tore zu hoch ausfällt.

Am Match géint Nordirland hunn d'Rout Léiwen den Owend hir lescht Chance an dëser WM-Qualifikatioun ze punkten. Kuckt de Match hei live.