D'Veräiner aus der Nationaldivisioun konnte sech an der Suite vum 2. Tour vun der Coupe de Luxembourg all duerchsetzen, mat deels ganz héije Victoiren.

Ëlwen aus der 3. Divisioun veréiert 1-16 géint d'Jeunesse. Den F91 Diddeleng setzt sech zu Wëlwerwolz, och aus der 3. Divisioun, mat 13-0 duerch. Hueschtert gewënnt 5-0 zu Mäerzeg aus der 1. Divisioun. Wëntger aus der 1. Divisioun verléiert 1-5 géint d'Fola. Miersch, och aus der 1. Divisioun, verléiert 1-3 géint de Progrès an den CSO aus der 2. Divisioun verléiert 1-6 géint Stroossen. Lëntgen aus der 1. Divisioun verléiert 0-3 géint Déifferdeng 03. Stengefort aus der 1. Divisioun verléiert 0-2 géint den RM Hamm. Suessem, och aus der 1. Divisioun ass dem Racing mat 0-8 ënnerleeën. D'UN Réimech-Bus aus der 2. Divisioun verléiert 1-2 géint Munneref, Miedernach aus der 1. Divisioun ass Rodange mat 1-3 ënnerleeën, Éinen aus der 2. Divisioun verléiert 0-7 géint d'Union Titus Péiteng an d'AS Lëtzebuerg Porto aus der 1. Divisioun verléiert 0-1 géint Rouspert.