Vun e Freideg bis e Sonndeg gëtt den Handball grouss geschriwwen am Gymnase vun der Coque an dat bei gratis Entrée fir d'Spectateuren.

D'U18-Nationalekipp spillt dräi Deeg hannerteneen an der Qualifikatioun fir d'EM 2026. D'A-Nationalekipp ass e Samschdeg an e Sonndeg am Kader vun der Qualifikatioun fir d'WM 2027 am Asaz an dat zwee Mol géint Lettland. Am November 2024 gouf déi Natioun eliminéiert.

RTL

© Andreas Nebling

En Dënschdeg de Mëtteg huet an dem Kontext d'Handballfederatioun op eng Pressekonferenz invitéiert. Et ass ee  vum Nationaltrainer Maik Handschke gewuer ginn, datt d'Chancë vun de Lëtzebuerger realistesch sinn, fir eng Ronn weiderzekommen, obwuel beim Géigner den 2 Meter 15 groussen Ex-Champions-League-Gewënner Dainis Kristopans no véier Joer säi Comeback mécht.

Extrait Maik Handschke