Wéi den nationale Futtballverband matgedeelt huet, soll sech eng grouss Zuel un Arbitteren u Wetten op Matcher bedeelegt hunn.

Déi grouss Veräiner Besiktas, Fenerbahce a Galatasaray fuerderen, dass d'Nimm vun de betraffenen Arbitteren an déi betraffe Matcher solle publizéiert ginn.

Et géif sech ëm 152 Onparteiescher dréien, déi aktiv op Matcher gewett hätten, esou den TFF-President Ibrahim Haciosmanoglu der Noriichtenagence Anadolu géigeniwwer. Ënnert de Betraffene wieren och siwen Arbitteren, déi Top-Matcher géife päifen.

Eng intern Enquête bei 571 Arbitteren soll gewisen hunn, datt 371 Persounen dovun Wett-Konten hunn an 152 dovun och aktiv domadder wetten. 10 vun hinne sollen iwwer 10.000 Wetten ofgeschloss hunn, een Arbitter eleng souguer ganzer 18.227. 42 Arbitteren hätten op deels wäit iwwer 1.000 Futtballmatcher gewett.

Déi meescht Wette sollen op auslännesch Matcher ofgeschloss gi sinn. 22 vun de 371 Arbitteren hätten och op Matcher an der Tierkei gewett. D’Identitéit vun de betraffenen Arbitteren huet den TFF-President net verroden. Et ass och net kloer, ob déi Verdächteg och op Matcher gewett hunn, déi si selwer gepaff hunn.

Vun offizieller Säit heescht et, dass een elo elo déi néideg Schrëtt aleede géif, ouni awer Detailer ze nennen. Et betount een, dass ee "fest entschloss" wier, "de Futtball vu Korruptioun ze befreien."

Ënnert anerem Besiktas a Galatasaray hate sech schonn an der Vergaangenheet iwwer Arbitter-Decisioune beschwéiert. D’Ukënnegung vun den Ermëttlunge gouf vun alle grousse Veräiner begréisst. D’Agence Anadolu zitéiert Vertrieder vun de Veräiner, déi d’Verëffentlechung vun den Nimm vun de beschëllegten Arbitteren an de betraffene Matcher fuerderen.

De President vu Fenerbahce, de Sadettin Saran, huet vun „trauregen a schockéierende Noriichte fir de tierkesche Futtball“ geschwat an dem Verbandschef seng voll Ënnerstëtzung zougeséchert. Och den Dursun Özbek, de President vu Galatasaray, huet gesot, säi Veräin géif all Schrëtt ënnerstëtzen, fir de Futtball propper ze maachen. D'Publikatioune vum Verband wieren en "decisive Punkt" fir den tierkesche Futtball.

Och Besiktas huet d’Initiativ vum Verbandschef begréisst, zäitgläich awer voll Transparenz gefuerdert. D’Nimm vun allen Arbitteren mat aktive Wett-Konten solle public gemaach ginn, genee wéi eng detailléiert Lëscht vun de Matcher, op déi gewett gouf an op wat genee gewett gouf. De Veräin huet ugekënnegt, d’Ermëttlunge bis zum Schluss ze begleeden a juristesch Schrëtt ze préiwen.