Wéi de Swift Hesper e Méindeg matdeelt huet sech de Club souwuel vum Trainer Hakim Menaï, wéi och vum Sportdirekter Ebrahim Bouazzati getrennt.

De Futtball-Club aus der Nationaldivisioun trennt sech mat "effet immédiat" vum Trainer Hakim Menaï a vum Sportdirekter Ebrahim Bouazzati. D'Grënn fir d'Separatioun vun deenen zwee hätten näischt mam Sport ze dinn, heescht et an engem Communiqué um fréie Méindegowend.

Wien neien Trainer gëtt soll matgedeelt ginn, soubal eng Persoun fir deen Job engagéiert ass, heescht et weider vum Veräin.

Mam fréiere Mäzen Flavio Becca wier et iwwerdeems zënter Méint kee Kontakt méi ginn, präziséiert de President Fernand Laroche.

Um Holleschbierg geet et zënter enger Zäit drënner an driwwer, ënner anerem gouf de Club fir international Kompetitioune gespaart, well Spiller hir Pai net kritt haten. Hesper steet de Moment op der 7ter Plaz an der Tabell vun der National-Divisioun.