"Dat wëll awer net heeschen, datt net och vill positiv Saachen dobäi waren"
© RTL (Archiv)
No 4 Spilldeeg krut d'FLF-Selektioun am Grupp A nach kee Punkt. Mëtt November stinn déi lescht zwee Lännermatcher virun der Dier.
An ronn dräi Woche sti fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp déi lescht zwee Matcher an der WM-Qualifikatioun géint Däitschland an Nordirland virun der Dier. Den FLF-President Paul Philipp huet am RTL-Interview ënnerstrach, datt d'Rout Léiwen un der Unzuel vun de Punkte gemooss ginn. Allerdéngs zielt fir hien och déi spilleresch Entwécklung vun der Ekipp vum Jeff Strasser. Et war gewosst, datt de Grupp A vun der WM-Quali alles anescht wéi einfach wier.
"Natierlech gëtt een ëmmer un de Resultater gemooss, dat ass och gutt sou. Als Lëtzebuerger ass et och eng Prioritéit, rëm Futtball ze spillen. Dat ass eis déi lescht Jore gutt gelongen. Wann natierlech dann och nach d'Resultater nach dobäikommen, dann ass dat de Summum. Gutt spille geet op laang Dauer net duer. Da gëtt gesot: 'Dir schwätzt ëmmer, Dir géingt gutt spillen, mee et komme keng Resultater.' Mir däerfen net an den Feeler verfalen, datt mir soen: 'Elo stelle mir eng Kéier de Camion op den 18. Meter, fir onbedéngt eng Kéier dee Punkt ze kréien, deen eis villäicht herno feelt oder deen eis géing duergoen, fir ze soen, mir hunn déi Qualifikatioun awer net mat 0 Punkten ofgeschloss.' Wann een déi Qualifikatioun au Depart gesinn huet, da wousste mir, et kënne 5 oder 6 Punkte ginn. Mee et konnt och eng Campagne, en Fonction vum Géigner, mat 0 Punkte ginn. Wann een dat ganz realistesch kuckt, ouni eppes am Virfeld ze soen, wann ee géing wetten, da géing ee wetten, wann ee weess wat nach fir zwee Matcher op eis waarden, datt et eng Campagne mat 0 Punkte kéint ginn. Dat wëll awer net heeschen, datt net och vill positiv Saachen dobäi waren."
Fir den Ofschloss vun der WM-Qualifikatioun kritt et déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp de 14. November am Stade de Luxembourg mat Däitschland ze dinn. 3 Deeg méi spéit spillt d'FLF-Formatioun dann auswäerts géint Nordirland.