En Turnéier mat internationalem Format a mat héich klasséierte Spiller a Spillerinnen. Esou en Tournoi hat d'Badminton-Federatioun op d'Bee gestallt.

Et weist schonn, wéi staark den Turnéier ass, wann d'Nummer 2 vun Europa dohinner kënnt. Just eng U17-Spillerin ass nämlech besser, wéi d'Lea Dauphinais aus der Belsch. Et war dann och kee Wonner, datt si sech den Tournoi am Eenzel konnt sécheren an am Doubel déi zweet Plaz zesumme mat der Auriana Vasilevski konnt kréien. Just den däitschen Duo Isabella Deng an Helena Huang war besser.

Bei den Häre goung den Titel un den Däitsche Seppe Daemers an am Doubel ass kee Wee laanscht den engleschen Duo Anthony Mcenally a Rhys Williams komm. Am Mix waren d'Tschechen Petr Briza an Stepanka Nydrlova net ze schloen.

Den Tournoi war och fir déi jonk Lëtzebuerger Sportler e wichtege Rendez-vous, fir international Erfarung ze sammelen. Zwar hu si net ëm d'Medaile matgespillt, mä et konnt am Virfeld vun der U17-EM, déi virun der Dier steet, sammelen. En anere wichtege Rendez-vous steet da fir d'Badminton-Zeen 2029 un. Well dann steet Badminton eng éischte Kéier um Programm vun de Spiller vun de Klenge Länner an dat och nach hei am Grand-Duché.