En Dënschdeg goufen an Däitschland déi éischt Matcher vum zweete Spilldag am DFB-Pokal gespillt.

Frankfurt - Dortmund 2:4 am Eelefmeterschéissen
1:0 Knauf (7'), 1:1 Brandt (48'),
Eelefmeterschéissen: 0:1 Silva (E), 1:1 Uzun (E), 1:2 Süle (E), 1:3 Chukwuemeka (E), 2:3 Batshuayi (E), 2:4 Nmecha (E)

Am Spëtzematch vun en Dënschdeg huet d'Eintracht aus Frankfurt Borussia Dortmund empfaangen. Den Angsar Knauf konnt d'Haushären an der 7. Minutt géint säin Ex-Veräin a Féierung bréngen. Et sollt bis zur 48. Minutt daueren, éier d'Gäscht a Gestalt vum Julian Brandt kënnen ausgläichen.

Duerno bleift de Match ouni weider Goler. De Burkart kann de Ball zwar am Dortmunder Gol placéieren, steet dobäi awer am Abseits, sou dass d'Decisioun schliisslech am Eelefmeterschéisse muss falen. Hei beweisen déi Schwaarz-Giel déi besser Nerven, sou dass Dortmund an d'Aachtelsfinall vun der däitscher Coupe anzitt.

Wolfsburg - Kiel 0:1
0:1 Bernhardsson (42') (E)

Manner glécklech ass den Owend fir de VFL Wolfsburg verlaf. Nodeems de Seelt déi Rout Kaart gesäit, spillen d'Wëllef vun der 36. Minutt u virum eegene Public an Ënnerzuel. An der 42 Minutt ass et dann de Bernhardsson, deen d'Gäscht per Eelefmeter a Féierung bréngt. Un dësem Score sollt sech och bis zum Schluss vum Match näischt änneren, sou dass Holstein Kiel aus der zweeter Bundesliga eng Ronn weider ass.

Heidenheim - Hamburg 0:1
0:1 Glatzel (83') (E')

Änlech kal huet et och Heidenheim erwëscht. Nodeems de Sierslaben an der 44. Minutt Rout gesäit, muss de Bundesligist déi ganz zweet Hallschent géint den Hamburger Sportklub an Ënnerzuel spillen. Et ass da schliisslech de Glatzel, dee per Eelefmeter dofir suergt, dass Hamburg gewënnt an eng Ronn weiderkënnt.

Berlin - Elversberg 3:0
1:0 Cuisance (15'), 2:0 Gronning (58'), 3:0 Dorsteinsson (90+4') (E)