E Sonndeg waren am internationale Futtballchampionnat all d'Aen op den El Clásico zu Madrid geriicht.

Real huet sech hei no enger immens intensiver Partie, virun allem an der éischter Hallschent, um Enn mat 2:1 géint den FC Barcelona duerchgesat an distanzéiert sech domat un der Tabellespëtzt op fënnef Punkte vun de Katalanen.

An der däitscher Bundesliga gouf et donieft dann en 2:0-Succès fir Leverkusen géint den SC Freiburg. Stuttgart konnt de Match géint Mainz dréinen a mat 2:1 gewannen.

A Frankräich ass den FC Metz beim OSC Lille ënnert d'Rieder komm. An der Premier League baut Arsenal mat engem 1:0-Succès de Virsprong un der Tabellespëtzt aus, dat well Manchester City parallel mat 0:1 de Kierzere gezunn huet.

Bundesliga

Leverkusen - Freiburg 2:0
1:0 Poku (22'), 2:0 Tapsoba (52')

No der batterer 2:7-Defaite géint PSG an der Champions League huet Leverkusen sech mat enger 2:0-Victoire géint Freiburg virun den eegene Spectateuren entschëllegt. An enger relativ ausgeglachener Ufanksphas war et dem Poku gelongen, d'Werkself a Féierung ze bréngen, déi awer kuerz virdru schonn an der Loft louch. Well vun de Freiburger offensiv ze mann komm ass, huet Leverkusen weider säi Match gemaach a konnt da kuerz no der Paus am Numm vum Edmond Tapsoba op 2:0 erhéijen. Bis zum Schluss sollt sech um Spillstand dann näischt méi änneren an d'Lokalekipp séchert sech domat déi véiert Bundesliga-Victoire hannerteneen.

Stuttgart - Mainz 2:1
0:1 Amiri (41', Eelefmeter), 1:1 Führich (45+4'), 2:1 Undav (80')

Bis kuerz virun der Paus hunn d'Spectateuren zu Stuttgart more Kascht gesinn. Déi lescht Minutten éier et an d'Kabinne gaangen ass, haten et awer a sech. Fir d'éischt konnt den Amiri no engem Handspill am Strofraum per Eelefmeter op 1:0 fir d'Gäscht setzen. An der 4. Minutt vun der Nospillzäit huet de Führich ausgeglach. Nom Säitewiessel bloufe grouss Chancen op béide Säiten aus. An der 80. Minutt ass den Undav no engem laange Ball vum Nübel op de Mainzer Gol gelaf an huet den 2. Gol markéiert. Dat ass der Heemekipp duergaangen, fir d'Partie fir sech ze entscheeden.

Premier League

Arsenal - Palace 1:0
1:0 Eze (39')

Arsenal bleift no engem 1:0-Succès géint Palace an der Premier League weider Tabelleleader. Ufanks hate sech d'Gunners schwéier gedoen, e Wee laanscht eng gutt Defense vum Géigner ze fannen. Nach virun der Paus war et dann den Eze, deen no engem Fräistouss den 1:0 géint säi fréiere Veräin schéisse konnt. An der zweeter Hallschent hätt Arsenal da kéinte bei e puer Occasiounen den zweete Gol schéissen, fir nach méi Sécherheet an d'Spill ze bréngen. Well vu Palace awer och näischt méi komm war, ass et um Enn bei der knapper, awer verdéngter Victoire bliwwen.

Aston Villa - Manchester City 1:0
1:0 Cash (19')

Everton - Tottenham 0:3
0:1 van de Ven (19'), 0:2 van de Ven (45+6'), 0:3 Sarr (89')

De Mann vun der 1. Hallschent war de Micky van de Ven op Säite vun de Gäscht. Mat zwee Goler huet hien de Grondstee fir d'Victoire vun Tottenham zu Everton geluecht. Nom Téi konnten d'Gäscht déi Féierung gereieren. Kuerz viru Schluss huet de Sarr mam 3. Gol den Deckel op d'Partie gemaach.

Serie A

Sassuolo - AS Roum 0:1
0:1 Dybala (16')

Florenz - Bologna 2:2
0:1 Castro (25'), 0:2 Cambiaghi (52'), 1:2 Gudmundsson (73', Eelefmeter), 2:2 Kean (90+4', Eelefmeter)

Lazio Roum - Juventus (20.45 Auer)

Ligue 1

Lille - Metz 6:1
1:0 Igamane (24'), 2:0 Felix (34'), 3:0 Felix (53'), 4:0 Perraud (64'), 5:0 André (82'), 6:0 Haraldsson (90+3'), 6:1 Sané (90+5')

Lyon - Stroossbuerg (20.45 Auer)

La Liga

Real Madrid - FC Barcelona 2:1
1:0 Mbappé (22'), 1:1 Fermin (38'), 2:1 Bellingham (43')

D'Intensitéit am El Clásico war direkt ze spieren a sou huet et nëmmen zwou Minutte gedauert, bis den Arbitter fir Real mam Fanger op den Eelefmeterpunkt gewisen huet. Nom Asaz vum Videoarbitter huet sech awer gewisen, datt de Vinicius Jr bei sengem Schoss am Strofraum de Lamine Yamal hannen an de Fouss getraff huet, an net ëmgedréint. Ouni Eelefmeter war et also weidergaangen an no 14 Minutte war de Ball dann am Netz. De Kylian Mbappé huet dem Golkipp mat sengem Distanzschoss keng Chance gelooss. Ma op en Neits war d'Freed wéinst dem VAR net fir laang, well beim Zouspill op de Fransous eng immens knapp Abseitspositioun virlouch. Déi Kinneklech hu sech dovun awer net ënnerkréie gelooss an nëmmen e puer Minutte méi spéit stoung et dann duerch de Kylian Mbappé 1:0. Bis zu der Paus sollt dës Féierung awer net halen. An der 38. Minutt ass et no engem Ballverloscht vum Arda Güler ganz séier gaangen an no e puer Kontakter konnt de Fermin op 1:1 ausgläichen. Ma net mol fënnef Minutte méi spéit war et dann den Jude Bellingham, deen de Ball just hannert d'Linn drécke misst a Real nees a Féierung bruecht huet.

No enger verréckter éischter Hallschent war et dann och am zweeten Duerchgang direkt mat engem Eelefmeter fir Madrid weidergaangen. Ma wéi et sech fir d'Spannung vun dëser Partie gehéiert, sollt den Szczesny de Ball vum Kylian Mbappé halen. Barcelona huet duerno op den Ausgläich gedréckt, ma Real stoung hanne gutt a krut d'Féierung gehalen. Kuerz viru Schluss sinn d'Gemidder um Terrain dann nach eemol richteg héich geschloen, nodeems de Pedri an der Nospillzäit déi Giel-Rout Kaart ze gesi krut. Duerno huet den Arbitter de Match ofgepaff a Real Madrid konnt mat den eegene Spectateuren déi dräi wichteg Punkte feieren.