De Veräin aus der Forge du Sud hat sech e Sonndeg den Owend vum Christophe Ney getrennt.

Aus dem nationale Basket ass et d‘Nouvelle datt den T71 Diddeleng mam Tom Schumacher een neien Interimscoach huet. Nieft dem Schumacher, dee selwer laang Spiller zu Diddeleng an och schonns Trainer am Joer 2022 war, sinn nach den Eric Jeitz an den Kevin Steenberge am Staff.

Si setzen deemno emol an der Coupe géint d‘Etzella an am Championnat géint de Racing op der Diddelenger Bänk.