D'Amerikanerin krut eng vun den zwou Top20-Wild-Kaarte fir den Tournoi zu Lëtzebuerg.

D'US-Open-Finalistin Madison Keys kënnt op Lëtzebuerg, dat hunn d'Organisateure vum WTA-Tennis-Tournoi op der Kockelscheier matgedeelt. Déi aktuell Nummer 12 an der Weltranglëscht huet eng vun den zwou Top20-Wild-Kaarte kritt. Déi 22 Joer al Amerikanerin hat sech virun ronn engem Mount eréischt an der Finall vum leschte Grand-Slam-Tournoi vum Joer géint hir Kompatriotin Sloane Stephens misse geschloe ginn.