Schisprangen
Richard Freitag wënnt zu Engelberg

© afp
Um Sonndeg gouf et beim Schisprangen zu Engelberg op der grousser Schanz eng Victoire vum Richard Freitag.
Den Däitschen war schonns am éischten Duerchgang dee Stäerksten. De Kamil Stoch aus Polen kënnt op déi zweete Plaz. Den Éisträicher Stefan Kraft kënnt no engem staarken zweete Sprong op déi drëtte Plaz. Fir de Freitag ass et déi drëtt Victoire an der lafender Saison.
Verléierer vum Dag dierft wuel de Junshiro Kobayashi sinn, dee vu Plaz 2 am 1. Duerchgang op Plaz 8 zeréckgefall ass.
Am meeschte gelies