E Mëttwoch den Owend war d'Suite vum zweete Spilldag an der Ligaphas vun der Champions League.

En Dënschdeg gouf et ënner anerem eng kloer Victoire fir Atlético Madrid an eng Iwwerraschung vu Galatasaray.

Am Toppmatch vum Owend gouf et eng spéit 2:1-Victoire fir de PSG beim FC Barcelona. D'Katalane ware besser an de Match gestart, ma och d'Ekipp vu Paräis, bei där eng Rei Stare gefeelt hunn, huet kuerz virun der Paus opgedréint. An enger ufanks nach ausgeglachener zweeter Hallschent hunn d'Paräisser an der Schlussphas vun der Passivitéit vun den Haushäre profitéiert an duerch e Gol an der 90. Minutt nach verdéngt gewonnen.

Déi zweet Victoire am zweete Match ass et fir Manchester City duerch ee spéide Géigegol net ginn. Zu Monaco sinn déi zwee Goler vum Erling Haaland net fir déi dräi Punkten duergaangen. No engem Eelefmeter an der 90. Minutt hu sech béid Ekippe mat engem 2:2 getrennt.

Weider ouni Punkteverloscht ass dogéint iwwerraschenderweis d'Ekipp vu Qarabag aus dem Aserbaidschan, déi sech mat engem 2:0 géint Kopenhagen déi zweet Victoire am zweete Match an der Ligaphas séchere konnt.

E Succès gouf et e Mëttwoch den Owend dann nach fir Neapel, Arsenal an Dortmund. E Remis gouf et donieft nach an der Partie tëscht Leverkusen géint Eindhoven a Villarreal géint Juventus.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Barcelona - PSG 1:2
1:0 Torres (19'), 1:1 Mayulu (38'), 1:2 Ramos (90')

D'Katalanen hu vun Ufank un d'Initiativ iwwerholl an de Ball duerch déi eege Reie lafe gelooss. Am Verglach zum éischte Spilldag war zu Barcelona nees de Lamine Yamal no senger Blessure rëm mat derbäi, dee vu senge Matspiller direkt gesicht gouf an op der Säit ëmmer nees de Match séier gemaach huet. Sou och an der 14. Minutt, wou et duerch eng staark Pass vum jonke Spuenier zu der beschter Chance aus der Ufanksphas komm ass. De Ferran Torres konnt de laange Ball laanscht de Golkipp mathuelen, ma gouf am leschte Moment just nach vum Ilya Zabarni gestoppt, dee mat Zäiten ugelaf war fir de Ball nach ze klären. E Ballverloscht vum Vitinha huet dann no knapp 20 Minutten déi verdéngt Féierung fir Barcelona bruecht. De Lamine Yamal konnt de Feelpass vum Portugis recuperéieren an dann ass et séier iwwert de Pedri an de Rashford gaangen, éier dann de Ferran Torres mat engem prezise Schoss op 1:0 stelle konnt. Och an de Minutten duerno ass d'Defense vun de Paräisser net wierklech zur Rou komm. Mat staarke Kombinatiounen ass d'Lokalekipp ëmmer nees zum Ofschloss komm. Op der anerer Säit ass de PSG dann awer offensiv lues a lues selwer ëmmer méi an d'Partie komm. An dat obwuel mam frësche Ballon-d'Or-Gewënner Ousmane Dembélé oder mam Kapitän Marquinhos an dem Kvaratskhelia wichteg Spiller gefeelt hunn. Mat der zweeter gudder Chance vum Match sollt da kuerz virun der Paus den Ausgläich duerch de Senny Mayulu falen. D'Gäscht waren op eemol déi besser Ekipp an hunn op en zweete Gol gedréckt. D'Päif vum Arbitter fir d'Paus sollt déi gutt Phas da fir d'éischt mol op en Enn bréngen.

Nom Säitewiessel war de PSG dann ufanks weider gutt derbäi. Si hunn d'Katalane fréi am Spillopbau gestéiert a si selwer ëmmer nees no vir komm. An enger interessanter an ausgeglachener Partie ass et dann an deenen nächste Minutten hin an hir gaangen. Mat der Zäit war d'Gefor op en zweete Gol dann nees liicht méi op der Säit vu Barcelona, ma eng gutt defensiv Aarbecht vum PSG huet dësen awer verhënnert. An der Schlussphas war d'Loft da liicht aus dem Match, virun allem och well Barcelona ee Gang zréckgeschalt huet. Dovun huet de PSG nach eemol profitéiert. Si hu gemierkt, datt hei nach eppes méiglech wier. An der 83. Minutt sollt e Schoss vum Lee op de Potto goen, ma och duerno louch den 2:1 weider an der Loft. An der 90. Minutt ass dësen dann och nach gefall. No enger flaacher Flank vum Hakimi konnt de Goncalo Ramos de Ball souverän eraschéissen an de Match domat entscheeden. Um Enn ass et duerch déi passiv Spillweis vu Barcelona an de leschte Minutten eng verdéngte Victoire fir de PSG.

Arsenal - Piräus 2:0
1:0 Martinelli (12'), 2:0 Saka (90+2')

De Resumé vum Match Arsenal géint Olympiakos Piräus
D'Gunners konnte sech virun den eegene Spectateure géint Piräus behaapten

Leverkusen - Eindhoven 1:1
1:0 Kofane (65'), 1:1 Saibari (72')

De Resumé vum Match tëscht Leverkusen a PSV Eindhoven
Béid Ekippen hu sech mat engem 1:1 d'Punkte gedeelt

Monaco - Manchester City 2:2
0:1 Haaland (15'), 1:1 Teze (18'), 1:2 Haaland (44'), 2:2 Dier (90')

Dortmund - Athletic Bilbao 4:1
1:0 Svensson (28'), 2:0 Chukwuemeka (50'), 2:1 Guruzeta (61'), 3:1 Guirassy (82'), 4:1 Brandt (90+1')

D'Resuméë vun de Matcher Monaco géint Manchester City an Dortmund géint Bilbao
Wärend Dortmund sech déi dräi Punkte séchere konnt, gouf et fir Manchester City duerch e spéiden Eelefmeter just en 2:2-Remis zu Monaco

Neapel - Sporting 2:1
1:0 Höjlund (36'), 1:1 Suarez (62'), 2:1 Höjlund (79')

Villarreal - Juventus 2:2
1:0 Mikautadze (18'), 1:1 Gatti (49'), 1:2 Conceicao (56'), 2:2 Veiga (90')

D'Resuméë vun de Matcher Neapel géint Sporting a Villarreal géint Juventus
Fir Neapel gouf et en 2:1-Succès géint Sporting. Villarreal konnt sech duerch e spéide Gol nach e Remis géint Juventus sécheren

Qarabag - Kopenhagen 2:0
1:0 Zoubir (28'), 2:0 Addai (83')

St. Gilloise - Newcastle 0:4
0:1 Woltemade (17'), 0:2 Gordon (43'), 0:3 Gordon (64'), 0:4 Barnes (80')

D'Resuméë vun de Matcher Qarabag géint Kopenhagen a St. Gilloise géint Newcastle
Qarabag séchert sech déi nächst dräi Punkten a fir Newcastle gouf et eng däitlech Victoire an der Belsch.

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.