Kanech klappt de Leader Diddeleng, spéit Victoire fir Déifferdeng

© Fernando Bernardino
Den Opsteiger huet sech duerch e spektakuläre Gol aus 40 Meter vum Balsa Perkovic mat 1:0 beim Tabelleleader duerchgesat.
E Mëttwoch den Owend war am nationale Futtballchampionnat de 7. Spilldag, nodeems all d'Matcher d'lescht Woch wéinst dem ville Reen ofgesot gi waren.
Den Tabelleleader Diddeleng huet virun den eegene Spectateuren mat engem 0:1 géint Kanech de Kierzere gezunn. An enger éischter Hallschent ouni grouss Héichpunkte war et kenge vu béiden Ekippe gelongen, ze iwwerzeegen. Den F91 huet sech schwéier gedoe Chancen erauszespillen an déif stoend Kanecher hunn et wann da just mat laange Bäll no vir probéiert. Am zweeten Duerchgang war da weider en änlecht Bild um Terrain ze gesinn. Diddeleng konnt d'Intensitéit zwar nach eemol liicht erhéijen, ma e Succès a Form vun engem Gol sollt et bis zum Schluss just nach fir de Géigner ginn. Mat engem Sonndesschoss aus 40 Meter huet de Balsa Perkovic de Golkipp vum F91 iwwerrascht a sou den um Enn decisive Gol fir déi Kanecher geschoss.
Dann huet sech d'Jeunesse missen duerch ee spéide Géigegol mat 0:1 géint Déifferdeng geschloe ginn. An den éischte Minutten hate sech béid Ekippen ofgetaascht, sou datt de Match sech virun allem am Mëttelfeld ofgespillt huet. No an no hunn d'Gäscht vun Déifferdeng sech dann ëmmer méi offensiv ausgeriicht an de Géigner fréi gestéiert. Richteg Golchancë sinn dobäi awer net rauskomm, sou datt et mat engem 0:0 an d'Paus gaangen ass. Och an der zweeter Hallschent louch e Gol fir de gréissten Deel weider net wierklech an der Loft. Réischt an der Schlussphas gouf et dann nach eemol méi hektesch an aggressiv um Terrain a sou sollt dann och nach d'Féierung fir d'Gäscht falen. An der 90. Minutt war et de Boris Mfoumou, dee mat sengem Gol d'Victoire fir Déifferdeng séchere konnt.
Weider a gudder Form weist sech d'US Munneref mat enger klorer 4:0-Victoire géint Rodange. Mol net 20 Minutten hat et zu Munneref gedauert, bis et no de Goler vum Loris Tinelli (2) an dem Stefan Lopes 3:0 fir d'Lokalekipp stoung. Rodange war komplett vun der Roll an huet virun der Paus och net méi an de Match fonnt. Ee weidere Gol vum Alexis Bourigeaud sollt nach an der éischter Hallschent op 4:0 erhéijen. Fir Rodange gouf et am zweeten Duerchgang da näischt méi ze huelen.
An den anere Matcher konnt sech dann de Progrès mat 2:1 géint Hueschtert duerchsetzen, Stroossen mat 4:0 géint Käerjeng a Rouspert doheem mat 3:0 géint Mamer. Biissen huet sech dann nach spéit eng 3:2-Victoire géint Péiteng geholl.
Déi lescht Partie vum 7. Spilldag tëscht Hesper an dem Racing gëtt den 22. Oktober gespillt.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater