Eleonora Molinaro um Wee un d'Spëtzt
Déi 17 Joer jonk Nowuessspillerin huet an de leschte Méint mat staarke Leeschtungen op der ITF Tour a bei de Juniorinnen op sech opmierksam gemaach.
D'Evolutioun vum Eleonora Molinaro an de leschte Joeren ass impressionant. D'Lëtzebuergerin ass fokusséiert, serieux an immens talentéiert. D'Nowuesstalent ka bäissen, haart schaffen an trainéiert mëttlerweil 24 Stonnen d'Woch mat hiren Trainer Julien Mathieu an Damien Reinartz.
Am Moment geet alles a Richtung Profitennisspillerin. Et ass nämlech 2018 richteg gutt fir déi Lëtzebuerger Nummer 2 gelaf. Dat souwuel op der ITF Tour bei den Dammen ewéi och bei den Juniorinnen.
Zu Roland Garros ass d'Eleonora Molinaro réischt an der Véirelsfinall géint déi spéider Gewënnerin Cori Gauff eliminéiert ginn. Hier Statistiken um Circuit bei den Juniorinnen liesen sech awer nach besser. Déi aktuell Nummer 8 op der Welt huet 6 Tournoie gespillt, dovunner huet d'Eleonora Molinaro der 4 gewonn an zwee Mol stoung hatt an der Final.
Bei den Dammen huet sech d'Lëtzebuerger Nowuesstalent 2018 an der Weltranglëscht em iwwer 400 Plazen op Positioun 459 verbessert. 4 ITF Tournoien huet d'Eleonora gespillt. Zwee huet et der gewonnen an zwee Mol stoung et an der Finall. Impressionant.
Mee de Wee un d'Spëtzt ass net einfach an en ass mat Risken verbonnen. Beim Eleonora Molinaro mussen d'Elteren an de Club d'Schéiss ëmmer erëm mathëllefen fir Reesen an Trainer ze bezuelen. Och Tennisakademien fir en optimalen Training sinn deier.
D'Eleonora Molinaro mëscht alles fir säin Dram. Talent huet d'Lëtzebuergerin, mee virun allem och de Wellen.